Keng national ReservVerschidde Medikamenter ginn zu Lëtzebuerg knapp

Marc Hoscheid
De Lëtzebuerger Apdiktersyndikat constatéiert kuerz éier et nees méi kal gëtt an de Risiko, krank ze ginn, klëmmt, e Manktem u verschidde Medikamenter.
Keng national Reserv gëtt: Verschidde Medikamenter ginn zu Lëtzebuerg knapp
Dem President vum Lëtzebuerger Apdiktersyndikat no kéint mat enger nationaler Reserv e Manktem u Medikamenter verhënnert ginn.

Geschwënn dierft et mat deem fir den Hierscht extreem waarmen a sonnege Wieder vun deene leschte Wochen eriwwer sinn. Wann d’Temperaturen erofginn an et méi fiicht dobausse gëtt, klëmmt de Risiko, krank ze ginn. Ma vum Apdiktersyndikat ass et de Constat, datt et elo schonn ee Manktem bei den Antibioticke gëtt, dat souwuel fir d’Kanner wéi fir déi Erwuessen.

Virun allem den Amoxicillin, dee mat Ofstand am meeschte verkaaften Antibiotik zu Lëtzebuerg kréien d’Apdikten net méi iwwert déi normal Filièren. Mat der Hëllef vun den Nopeschlänner kéim een zwar derduerch, mee och do wier d’Solidaritéit begrenzt, wéi den Alain De Bourcy, President vum Apdiktersyndikat erkläert:

“Mir depanéieren eis an der Belsch, mir depanéieren eis a Frankräich, mir depanéieren eis an Däitschland. Gott sei Dank hu mer mat eisen däitschen Noperen ee ganz grousse Marché, déi loossen eis meeschtens net hänken. A Frankräich ass et oft esou, datt d’Fluxe bei de Grossiste méi tendu sinn. Do ware mengen ech lo och schonn Artikelen an de Medien, datt déi Kanner-Antibioticke wéi déi leschte Kéier ufänke mat feelen. An déi hu leider d’Tendenz ze soen, mir hu selwer keen, da kritt der kee méi geliwwert.”

Dowéinst soll Lëtzebuerg eng national Reserve vu Medikamenter opbauen. Eng 2.000 bis 3.000 Packunge sollte bei de Grossiste gelagert ginn an am Fall wou ee se braucht, deblockéiert ginn. Déi Fuerderung ass iwwerdeems net nei.

“Et misst ee virun allem kucken, vläicht eventuell elo, wou den Hierscht kënnt zu Lëtzebuerg, d’Santé, eise Minister, datt dee misst kucken, deen neie Minister, dee lo warscheinlech kënnt, datt ee vläicht e Stock national géing uleeën. Wou bei eise Grossiste läit, wou da bei Bedarf op de Knäppche gedréckt gëtt a gesot gëtt, et gëtt lo liberéiert, esouwuel fir d’Apdikten, déi op si fir de Public an och fir d’Spidolsapdikten, d’Kannerklinik an och déi erwuesse Leit. Datt ee seet, wa mer do eng 2.000 bis 3.000 Packunge leien hunn, soe mer, lo hu mer ee Pufferstock, wou mer lo liberéieren. A wéi gesot, et wiere keng grouss Zommen, mee mir wären awer sécher, datt mer duerch de Wanter kommen an datt mer net komplett ofhängeg si vun deem, wat mer vun eisen Nopeschlänner, aus dem Ausland musse kréien”, erkläert den Alain De Bourcy, President vum Apdiktersyndikat.

Datt eng Verlagerung vun der Produktioun aus Asien zeréck an Europa eng Léisung kéint sinn, mengt den Alain de Bourcy net onbedéngt. Den Transport vun de Medikamenter wier, net ëmmer de Problem, et géif och alt emol ee Manktem u Matière première, dat wier och de Fall, wann an Europa produzéiert géing ginn.
Back to Top
CIM LOGO