SchoulrentréeVerstäerkt Kontrolle vun der Police - 261 Protokoller wéinst ze héijer Vitess

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun der Schoulrentrée huet d'Police verstäerkt Kontrollen op de Schoulweeër gemaach, dat vum 15. bis den 29. September an zitt elo de Bilan.

An deene gutt 2 Woche wieren 261 Protokoller wéinst ze héijer Vitess a 634 Protokoller wéinst falschem Parken ausgestallt ginn. 39 Erwuessener an 21 Kanner a Jonker waren net ugestréckt an 8 Kanner ënner 1,50 Meter hate keen adaptéierte Sëtz.

D’Police appelléiert un all d’Participanten am Stroosseverkéier, och baussent der Rentrée op Kanner opzepassen a seng Vitess ronderëm d’Schoulen unzepassen.

Back to Top
CIM LOGO