
Géint 7.45 Auer ass um CR105 Hunnebuer Richtung Recken en Auto accidentéiert.
Nëmme puer Minutte méi spéit ass zu Esch an der Rue des Noyers e Motocyclist mat senger Maschinn gefall.
Kuerz no 8 Auer ass zu Hollerech an der Rue de Bouillon e weidere Motocyclist gefall. Hei huet och de Samu mussen an den Asaz.
Géint 9.20 Auer ass um Sennengerbierg an der Rue du Golf e Foussgänger vun engem Bus ugestouss ginn. Och hei war de Samu am Asaz.
Bei allen Accidenter gouf jeeweils 1 Persoun verwonnt.