Grouss Opreegung an der Gemeng KonsdrefVill Bierger si géint Flüchtlingsstruktur am Hotel um Scheedgen

RTL Lëtzebuerg
Den Hotel gëtt verkaaft an de potentielle Keefer wëll d'Gebai dem Office National d'Accueil verlounen. Dat wëllen d'Leit awer net.

An der Gemeng Konsdref ass d’Opreegung grouss.

Den Hotel um Scheedgen ass zënter enger Zäit an der Vente an dee potentielle Keefer wëll d’Gebai un den Office national de l’accueil verlounen, fir datt Flüchtlinge kënnen do wunnen.

De Schäfferot huet e Méindeg den Owend d’Bierger gefrot, wat si dovunner halen an déi hunn d’rout Kaart gewisen.

PDF: Invitatioun op ëffentlech Informatiounsversammlung vun der Gemeng Konsdref

Back to Top
CIM LOGO