
Besonnesch kleng a mëttelstänneg Entreprisen, sou wéi och Start-Ups a Fintech si concernéiert. Mä och méi komplex Strukture wéi alternativ Investmentfongen. Dacks géinge bei verschiddene Banke Problemer bestoen, fir e Konto opzemaachen, confirméiert de Kommunikatiounsbeoptragte vun der Bankenassociatioun (ABBL) Paul Wilwertz.
E Sujet, dee schonn zanter annerhallwem Joer géing bestoen, a reegelméisseg an der Finanzkommissioun Thema wier, ënnersträicht de Vizepresident vun dëser Kommissioun Laurent Mosar. Doriwwer eraus wieren eng dausende Konte bei enger Bank zougemaach ginn. Vun 5.000 war een Ament rieds.
De Paul Wilwertz wollt net op een Eenzelfall agoen, huet awer betount, dass et divers Grënn kënne ginn, dass eng Bank Konten zoumécht. Een dovunner kann e Strategiewiessel sinn. Och eng Bank hätt, wéi all Entreprise, e Risikomanagement a géing kucken, ob se verschidde Clienten hält oder net. En anere Grond wieren awer ëmmer nei Oplagen, besonnesch am Beräich vum Anti-Blanchiment, déi géingen a Kraaft trieden. Hei kéint et sinn, dass d’Entrepreneuren net déi néideg Dokumenter nogereecht hunn.
De Problem fir verschidden Entreprisen, fir iwwerhaapt emol e Konto opzemaachen, géing vun ënnerschiddleche Facteuren ofhänken, erkläert de Paul Wilwertz. Fir d’éischt emol mat der Komplexitéit vum Marché. Net all Bank vun den 121 Banken hei am Land bitt déi selwecht Offer. An esou wier net all Bank equipéiert fir all Entreprise. Verschiddener hätten eng grouss Komplexitéit an hirer Struktur.
En anere Grond wieren awer nees déi Deels komplex Oplagen, ënner anerem vum Anti-Blanchiment. “Eng Bank muss, fir där Reglementatioun gerecht ze ginn, bei der Ouverture an iwwert d’Lafdauer vun engem Kont, den Autoritéite kënnen eng gewëssen Dokumentatioun virleeën”, betount de Paul Wilwertz. Eng Etude vun der ABBL 2019 huet erginn, dass et sech hei géing ëm Käschte vun 80 Milliounen Euro d’Joer handelen. Ma nieft de Käschte bréngt dëst och e grousse personellen Opwand mat sech. Hei géingen dacks besonnesch am Compliance Service kompetent Leit feelen. Eng vun de Konsequenzen dovunner ass, dass e Konto opmaachen, ka laang Zäit daueren.
Fir dem Problem entgéintzesteieren, wier een awer elo um richtege Wee. D’Bankenassociatioun wäert an Zukunft besser tëscht der Offer an der Demande um Marché wëlle vermëttelen. Zesumme mam Hause of Training vun der Chambre de Commerce wäerte Formatioune fir jonk Entrepreneuren ugebuede ginn, wou si déi néideg Informatioune kréien.
Fir der Schwieregkeet vun den diversen Oplagen am Beräich vun der Bankereglementatioun entgéintzewierken, wier een am aktiven Dialog mat der Finanzopsiicht, der CSSF. “D’Reglementatioun am Anti-Blanchiment ass europawäit déi selwecht. Mä et mussen en oppassen, dass dës iwwerall koherent, a mat enger gewësse Proportionalitéit applizéiert gëtt”, betount de Paul Wilwertz. An et misst ee sech d’Fro stellen, op den Accès zu den Donnéeë vun den Entrepreneuren net soll vereinfacht gi mam Accord vun dësen.
Och op legislativem Plang misst een iwwerleeën, wéi ee kann de Prozess vun der Simplificatioun ënnerstëtzen, seet de Laurent Mosar. “Et muss een sech d’Fro stellen, ob net d’Gesetz hei am Land misst esou geännert ginn, dass och Personnes morales missten d’Recht hunn, fir e Bankkonto opzemaachen”, ënnersträicht den CSV-Deputéierten. Dëst gëllt hei am Land nämlech bis elo just fir Personnes physiques. E Bankkonto vu Privatpersoune kann nämlech och net sou einfach zougemaach ginn.