
Doduerch hätte si ze spéit mat den Aarbechten ugefaangen, dat äntwert déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbuerg op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.
46 Gemengen haten Enn Mäerz nach déi al PAGe vun 1937. Déi Gemenge sollten hir PAGe bis 2011 – jo 2011 fäerdeg hunn. 6 Mol gouf eng Verlängerung accordéiert an déi lescht leeft den 1. November vun dësem Joer aus.
Wéi d’LSAP-Inneministesch Taina Bofferding schonn ugekënnegt hat, wäert dësen neien Delai net méi verlängert ginn. Hale sech d'Gemengen net drun, riskéiere se finanziell Strofen. D’PAGe si kruzial an der Landesplanung a se sinn notamment néideg, fir eventuell eng Reform vun der Grondsteier ze ënnerhuelen.
LINK: Den Iwwerbléck vun de Gemengen