
Wärend et moies nach -6 zu Housen oder -1 Grad zu Schenge wäert ginn, MeteoLux hat dowéinst eng Alerte Jaune fir d’Éislek erausginn, klëmmt d’Temperatur am Dag net vill méi héich: -4 bis maximal ëm 0 Grad si gemellt. Et soll de Samschdeg awer iwwer dréche bleiwen.
De Sonndeg fänkt da ganz änlech un, mat bis zu -5 Grad an der Nuecht an ëm maximal 1 Grad am Dag. Vum spéiden Nomëtteg respektiv fréien Owend un ass dann och mat Schnéi ze rechnen.
E Méindeg da geet dëse Schnéi plazeweis och a Reen iwwer, well d’Temperaturen op ronn 3 Grad kënne klammen. Ganz änlecht Wieder dann och en Dënschdeg a Mëttwoch, bei maximale 5 Grad.