MeteoVill Wolleken um Feierdag, bis zu 30 Grad an Donnerwieder e Sonndeg

RTL Lëtzebuerg
Vill Leit maachen wéinst dem Feierdag e verlängerte Weekend. Grad e Freideg, e Samschdeg a gréisstendeels e Sonndeg spillt do och d'Wieder mat.
© Micah Hallahan / Unsplash

En Donneschdeg dominéieren d'Wolleken iwwert dem Grand-Duché, ma am Laf vum spéiden Nomëtteg wäert sech d'Sonn ëmmer méi duerchsetze kënnen. Virdrun awer ass plazeweis mat Reen ze rechnen. D'Temperature leien tëscht 16 bis 20 Grad.

Och de Freideg fänkt mat Wolleken un, ma d'Sonn kënnt séier op der Rendezvous. Et bleift dréchen, bei 21 bis 25 Grad.

Bis zu 29 Grad ginn et e Samschdeg, datt mat vill Sonn a wéineg Wolleken.

E Sonndeg da kënnen déi 30 Grad geknackt ginn. Ass et am Dag awer sonneg, komme mam Owend och d'Wolleken. Plazeweis ass dann och de Risiko vun engem Donnerwieder.

METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder? Hei all d'Infoen an de Bléck vun eise Panorama-Kameraen.
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO