
Den Nationalcomité vum Onofhängege Gewerkschaftsbond freet sech iwwer d‘Annonce, datt op den 1. Februar eng Indextranche erfält. Op enger Pressekonferenz en Dënschdeg de Mëtteg huet d’OGBL-Presidentin Nora Back sech et net huele gelooss, méi wéi eng Kéier ze betounen, datt déi Tranche ouni de Protest vum OGBL no der Tripartite am Mäerz zejoert net erfall, mee wéi am éischten Tripartitesaccord virgesinn, verréckelt gi wier.
D’Gewerkschaft wäert den Indexsystem weider ouni Kompromësser verdeedegen. Et rechent ee beim OGBL mat weideren Attacke géint dee Mechanismus.
D’Annonce vun der Finanzministesch Yuriko Backes e Méindeg, datt Sputt am Budget wier, fir eng cibléiert Steiererliichterung an Héicht vun 500 Milliounen Euro, wier net ganz éierlech an transparent, kritiséiert d’Nora Back. Éischtens géif dat weisen, datt d’Staatsfinanzen awer besser sinn, ewéi bei den Tripartiteverhandlunge vu Regierungssäit behaapt. Zweetens géifen déi Steiererliichterunge just dat kompenséieren, wat d’Leit duerch déi kal Progressioun an de Steierbarèmen déi lescht Jore méi u Steiere bezuelt hunn. Den OGBL huet nach eemol mat Nodrock eng Upassung vum Barème un d’Inflatioun gefuerdert.
A Punkto Aarbechtsrecht géif et e reegelrechte Reformstau ginn. Virop d’Gesetz iwwer d’Kollektivvertragswiesen hätt d’Regierung net moderniséiert, obwuel se sech dat am Koalitiounsprogramm virgeholl hat.
Ofgekoppelt vun deem Domän kéint een dem OGBL no net schonn iwwer d’Aarbechtszäit diskutéieren. Generell ass d’Gewerkschaft fir eng Verkierzung vun den Horairë bei vollem Lounausgläich. Dat misst awer iwwer d’Kollektivverträg gereegelt ginn.
D’Gewerkschaft fuerdert d’Parteien awer op Faarf an der Fro ze bekennen.
