VIDEO: CHEMViru 25 Joer ass d'Palliativmedezin agefouert ginn

Christophe Hochard
D'Spidol vun Esch huet hei eng kruzial Roll gespillt.
VIDEO: CHEM
Viru 25 Joer ass d'Palliativmedezin agefouert ginn, virun allem de CHEM war hei vun Ufank un vir bäi.

Den 1. Mäerz ginn et 25 Joer, datt hei zu Lëtzebuerg d’Palliativmedezin agefouert gouf. De CHEM, d’Escher Spidol, huet hei eng Virreiderroll gespillt. Ugefaangen huet et deemools mat 5 Better.

Mëttlerweil kënne bis zu 8 stierweskrank Leit hei Hëllef ugebuede kréien. Och wann keng Heelung méi méiglech ass, geet et drëms, de Mënschen trotz Krankheet de Liewensalldag esou agreabel wéi méiglech ze gestalten.

Back to Top
CIM LOGO