Neie Rapport vum LISTVirusbelaaschtung an de Kläranlage klëmmt

RTL Lëtzebuerg
Mëttlerweil wier d'Covid-Kontaminatioun am Ofwaasser bal genee esou héich, wéi wärend der Haapt-Well vun der Pandemie tëscht Oktober an Dezember zejoert.
© RTL-Archiv

E Mëttwoch hat d’Santé schonn an hirem Wocherapport festgehalen, datt d’Neiinfektiounen an der leschter Woch ëm ronn 5 Prozent geklomme waren. Deen nämmlechten Trend gesäit een an de Kläranlagen.

Mat den Neiinfektiounen hëlt och d’Covid-Kontaminatioun am Ofwaasser zou. Dat geet aus dem neiste Rapport vum Luxembourg Institute of Science an Technology (LIST) ervir, fir deen d’Zouleef vun eelef Kläranlagen am Land analyséiert goufen. De LIST mécht reegelméisseg Analysen an de Kläranlagen.

Back to Top
CIM LOGO