Ganz vill Lëtzebuerger sinn tëscht 1942 a 1944 vun der Stad aus a Schlesien deportéiert ginn. Iwwer hiert Schicksal kann ee sech am Mémorial de la Déportation informéieren, déi fréier Hollerecher Gare ass haut e Musée mat Exponaten, déi vun där uerger Zäit erzielen.
E Sonndeg, op deem international an national un d'Affer vum Holocaust geduecht gouf, waren eng Rei Schüler aus dem Stater Lycée des Arts et Métiers mat hirer Geschichtsproff Christine Schaefers fir eng Visite Guidée an de Musée komm.
Dass dat zum Beispill op engem fräien Dag geschitt, ass fir de Responsabele vum Service de la Mémoire de la Deuxième Guerre Mondiale vum Staatsministère, Daniel Bousser, schonn en Zeechen dofir, dass den 2. Weltkrich de Jonken op alle Fall net egal ass.
Weider Infoen iwwer de Musée-Mémorial de la Déportation zu Hollerech.
