Eng Beauté am klassesche Sënn ass en net onbedéngt, eise Schuman. An dat “jorelaangt eidel Stoen” huet dem eeleren Här, gebaut gouf de Sëtz vum Europaparlament ugangs 70er, och näischt Gutts gedoen. Bannenan ass deen 1. europäesche Sëtzungssall mat historesche Käpp: Laurent Schmit, e Lëtzebuerger Architekt, d’Simone Veil, de Polit-Star. Konscht gëtt et och nach, bannenan. Dofir kéim en einfache “allez hëpp, fort domadder” hei zimmlech schlecht un
D’’Parlament ass vum Schuman an de KAD geplënnert, de Konrad Adenauer. De Luc Dahmen, Direkter vu Bâtiments publics erkläert, dass Etüde gemaach gi sinn an och nach gemaach géifen. D’Statik vum Gebai gouf gekuckt, d’Fassade och. Den Architekt huet am “brutalisme” geschafft, de Schuman ass vis-à-vis vum Héichhaus, dem gakege schlanken Alcide de Gasperi, kleng an deck geroden. Dat sollt esou sinn, heescht et.
Eng renovéiert, ronn 10 Joer méi jonk Kopie vum Schuman zu Bréissel
D’Etüden hätten elo dann ebe gewisen, dass de Schuman kann erhale ginn. Carrement e Revival fir de 50 Joer alen Här, deem seng Deeg, sou huet et an den 2017ter Jore geklongen, éischter gezielt wieren. Haut kuckt ee méi wäit, de Block gëtt, nom Modell vum Lycée Michel Rodange an dem Bréisseler ING Building, “opgepimpt”. Ëmmerhin ass bannenan deen historesch wäertvollen éischten europäesche Sëtzungssall, dekoréiert am Zénk vun italieneschen Artisten a komplett ageriicht mat Miwwelen “d’époque”, wann nach keen déi eliminéiert huet.
Nei Vocatioun
“Logement” ass deen neie Slogan, am Sënn vun enger Jugendherberg respektiv Pied à Terre fir Artisten, zielt eis de Luc Dahmen. Logement Culturel nennt een dat, an dozou gehéieren d’Studenten net. Dofir kënnen d’Philharmonie an de Mudam op d’Raimlechkeeten zréckgräifen, fir Workshoppen oder ebe fir e Kënschtler ënnerzebréngen. Eng Iddi, déi sech bis eran an de Park Dräi Eechelen zitt.
Der historescher a kultureller Wichtegkeet vun deem Gebai wier ee sech bei Bâtiments publics bewosst, sou hire Chef Luc Dahmen. Och dann nach, wann et em Energie-Effizienz geet!
“De Schumann bleift à la Base bestoen” an “Et ass à priori virgesinn, datt d’Gebai net ofgerappt gëtt”, esou de Luc Dahmen.
Allerdéngs misst ee kënne Saache bäisetzen, ronderëm. Deen “à la base” an den “a priori net ofgerappt” kann een hei schonn irritéieren. Grad ewéi d’Wuert “Logement”, wann dat nëmme fir Artisten an Touriste soll gëllen, wann dach awer Logementméisseg Nout um Mann ass zu Lëtzebuerg.
Wärend der Visite guidée si mer gewuer ginn, dass d’Villa Vauban de Sëtz war vum europäesche Geriichtshaff. Dass fir en Iwwergang d’Exponate fir de Musée nees agepaakt ginn sinn. An dass d’Stad an de Staat hir Prestigegebaier wéi de Cercle oder d’Gemeng, fir eng Zäit den Europäer iwwerlooss hunn. De Casino an der Ënneschtgaass gouf zum Beispill extra fir Europa kaf. Dat ware nach richteg europäesch Iddien, gebuer an de 50er.