Coronavirus zu LëtzebuergVu 4.386 Tester waren der 92 positiv
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 818 bliwwen ass.
Aktuell si 6 Persounen hospitaliséiert, dovunner 1 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 542.793 Dosisse genotzt. 3.821 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 4.096 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1, 21. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
- Zanter dem 18.05.2021 hate mir zu Lëtzebuerg net méi iwwer100 Neiinfektiounen.
- Zanter dem 02.06.2021 hate mir kee weideren Doudesfall
- Zanter dem 08.06.2021 ginn d’Aktiv-Infektiounen erof
- Zanter dem 11.06.2021 sinn d’Hospitalisatiounen erofgaangen, ofgesinn vun enger neier Hausse den 26.06.2021
- Den Taux de reproduction loung elo zanter dem 14.04 ënnert 1, mat Ausnamen den 01.06 (1,01) dem 27.04 (1,06)
- Den Taux geet elo zanter dem 21.06 erëm konstant erop
PDF: De Rapport journalier vun der Santé