Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.060 Tester waren der 86 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 822 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 26 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 691.290 Impf-Dosisse genotzt. 902 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 5.309 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0.87. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO