
Aktuell si 5 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.172 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 287 waren ergänzend Dosen, wärend sech zwou Persoune fir eng éischt Impfung decidéiert hunn. 3 Persoune kruten eng zweet Dosis.
Bei 44 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.