Coronavirus zu LëtzebuergVu 7.049 Tester waren der 201 positiv, 1. Doudesaffer zanter 5 Wochen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm eng Persoun op 819 geklommen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell si 5 Persounen hospitaliséiert, dovunner 1 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 593.078 Dosisse genotzt. 3.892 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 3.631 Persoune war et déi 2. Impfung.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.130 aktiv Infektiounen. 69.799 Leit gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,52. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO