De medezinesche Cannabis ass jo schonn erlaabt, als nächst Etapp soll de rekreativen, de Fräizäit-Cannabis un d'Rei kommen.
Alles dat bréngt natierlech d'Fro mat sech, vu wou dee Cannabis hir kënnt, respektiv wéi a wou e soll ugebaut ginn.
Den Ubau vum Cannabis als Industriehanf ass iwwregens schonn zanter 23 Joer hei am Land nees erlaabt an huet an der Zäit zu der Kategorie vun de normalen Notz-Planze gehéiert.