DeconfinmentVum 11. Mee u si Coifferen, Barbieren a Schéinheetssalonen nees op

Monique Kater
Hei am Land ginn et 501 Coiffeurssalonen an 280 Instituts de beauté. Am Ganze schaffen eng 3.300 Leit am Secteur vun der Coiffure an der Esthetique.

E Méindeg de Moien haten d'Vertrieder vun der Federatioun eng Reunioun mam Mëttelstandsminister a Leit aus der Santé, fir iwwer den Deconfinement an déi néideg Mesuren, déi musse geholl ginn, ze schwätzen.

Festgehale gouf um Enn den Datum vum 11. Mee fir eng Reouverture vun de Geschäfter.

Dat natierlech nëmmen a Combine mat den néidege Sécherheetsmesuren, wéi d’Droe vu Masken, an andeems am Salon nëmmen eng Plaz iwwert déi aner besat gëtt.

De Xavier Bettel
Dat natierlech nëmmen a Combine mat den néidege Sécherheetsmesuren, wéi d’Droe vu Masken, an andeems am Salon nëmmen eng Plaz iwwert déi aner besat gëtt.

Weider Detailer wéi eventuell Kompensatioune fir d’Fraisen, déi nieft de Salairë vun de Mataarbechter och nach ufalen, ginn et e Mëttwoch, sou de Premier op der Pressekonferenz.

Et géing hei net eleng ëm de Chômage partiel, sou de Premier weider, an dofir misst d’Regierung sech e Bild maachen iwwer d’Gesamt-Käschten.

De Xavier Bettel
Et géing hei net eleng ëm de Chômage partiel, sou de Premier weider, an dofir misst d’Regierung sech e Bild maachen iwwer d’Gesamt-Käschten.

En Dënschden ginn et weider Explikatioune vum Mëttelstandsminister Delles.
  
De Secteur huet hei kloer Fuerderungen, wéi ee vun de Vertrieder vun de Coifferen, Michel Sanna, erkläert:

Extrait Michel Sanna

Back to Top
CIM LOGO