Large-Scale-TestingVum 9. August u gi Spauttester um Houwald duerchgefouert

RTL Lëtzebuerg
Op der Teststatioun um Houwald ginn d'PCR-Tester an der Strass duerch Spauttester ersat.

D'Santé huet dat en Donneschdeg am Nomëtteg op Twitter matgedeelt. Den Ament ass just d'Large-Scale-Statioun um Houwald betraff.

Leit, déi an den Test ginn, si gebieden, 30 Minutte virdrun net ze fëmmen, näischt z'iessen oder ze drénken, sech de Mond ze spullen oder sech d'Zänn ze wäschen. Et dierf een och eng hallef Stonn virdru kee Knätsch an de Mond huelen. Anerefalls ass d'Testresultat verfälscht.

Back to Top
CIM LOGO