Coronavirus zu LëtzebuergVun 11.485 Tester waren der 287 positiv, 1 weider Persoun gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 1 Persoun geklommen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 131 Persounen hospitaliséiert, dovunner 30 op der Intensivstatioun.
 
2.361 Mënsche kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis, fir 2.460 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 121.953 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,93. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO