Nach emol AlkoholkontrollenVun 193 Automobilisten haten der 7 gedronk, 3 Permise fort

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Police e Freideg schonn op e puer Plazen d'Chaufferen op Alkohol kontrolléiert hat, goung et an der Nuecht op e Sonndeg weider.
© RTL Archivbild

Op Uerder vum Parquet stoung d'Police dës Kéier fir d'éischt tëscht 22.30 an 24 Auer zu Beetebuerg op der N13 an op där selwechter Streck, awer op der Kockelscheier nach emol tëscht 1 an 3 Auer.

Zu Beetebuerg goufen 111 Chauffere gestoppt, déi sech engem Otemtest hu missen ënnerzéien. An 3 Fäll war den Test positiv, ee Permis gouf agezunn.

Op der Kockelscheier waren et 82 Automobilisten. 3 haten eppes gedronk an 2 Chauffere kruten de Führerschäin ewechgeholl.

RTL NEWS: D'Police huet op 5 Plazen am Land d'Chaufferen op Alkohol getest

Back to Top
CIM LOGO