
Aktuell sinn 19 Persounen hospitaliséiert, dovunner 6 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 740.242 Impf-Dosisse genotzt. 480 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 1.704 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.