
D’Versécherungen an de Staat hunn déi Concernéiert finanziell indemniséiert. Ma och Privatleit hate grouss Solidaritéit gewisen. E Schued a Milliounenhéicht war bannent just e puer Minutten entstanen. 19 Leit ware blesséiert ginn.
Et war spéiden Nomëtten, wou déi éischt Appeller an der Redaktioun agaange sinn. Zu Käerjeng a Péiteng hätt et e schlëmme Stuerm ginn. Och vun Tornado war rieds. Net laang huet et gedauert, bis déi éischt Videoe vum Ausmooss erakomm sinn. Tatsächlech war op enger vun den Opnamen e klengen Tornado ze gesinn, dee sech op en Haus zoubeweegt huet. Op enger anerer ass aus engem Auto eraus gefilmt ginn. Géigestänn sinn an d’Pare-Brise geflunn, dat ganzt Gefier gouf vum Stuerm gerëselt.
Den Dag drop si scho Moies fréi d’Leit dobäi Opzeraumen. Iwwerall hunn Äscht, Holz, Zillen a Steng d’Stroosse blockéiert. Virgäert ware verwüüst, Autoe komplett zerbëlzt, Fassaden duerch Debrisen beschiedegt. Eng sëllegen Diecher waren ofgedeckt ginn. D’Avenue de Luxembourg zu Käerjeng war vum Rond-point Biff aus nach komplett gespaart. E Stroummast war ëmgekippt, soudass eng Héichspannungsleitung iwwert d’Strooss houng. De Bilan: Iwwer 600 Haiser ware bannent just e puer Minutte beschiedegt ginn. 30 waren temporär net méi ze bewunnen. 100 Persounen hu mussen direkt nom Tornado relogéiert ginn.
De Bilan vun de versécherte Schied hunn d’Versécherungen op 100 Milliounen Euro beziffert. Hëllef kruten d’Leit och vum Familljeministère mat engem Montant vun 385.000 Euro a vun de Gemenge Käerjeng a Péiteng. Dës haten eng Zomm vu knapp iwwer 1 Millioun un Done kritt. D’Sue goufe benotzt, wa weder Versécherung nach de Staat fir de Schued agespronge war. Am Abrëll 2021 hunn d’Gemengen deklaréiert, dass déi 42.000 Euro, déi nach vun den Donen iwwreg wieren, fir d’Erneierung vu Beem benotzt géinge ginn, well och do vill Schued entstane wier.