
Am Grand-Duché liewen eng 170 verschidden Natiounen. 53 Prozent vun de Leit hunn déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Fir datt jidderee sech hei am Land wuel fillt an d’Leit gutt kënnen zesumme liewen, soll d’Konzept vum Vivre ensemble suergen. Dat entspriechend Gesetz gouf en Donneschdeg de Mëtteg um Krautmaart mat 57 Jo-Stëmme gutt geheescht.
Vill Riedner hunn ënnerstrach, datt et sech ëm e Paradigmewiessel handelt, ëm eng Entwécklung vun der Politik. Vum Konzept vun der Integratioun hin zum Konzept vum interkulturellen Zesummeliewen.
D’LSAP Deputéiert Simone Asselborn-Bintz:
“Dat si keng eidel Wieder. Mir ginn haut e grousse Schratt an déi richteg Richtung, fir d’Wëllkommensstruktur an d’Zesummeliewe vun de Leit hei zu Lëtzebuerg ze verbesseren. Zentral ass bei dësem Paradigmewiessel, datt jiddereen, deen hei am Land wunnt oder schafft, gefrot ass, fir eist interkulturellt Zesummeliewen ze verbesseren. Net just déi Leit, déi nei an d’Land kommen. An deem Sënn ass et och un der ganzer Gesellschaft en Effort ze maachen, Oppenheet ze weisen a sech anzebréngen.”
D’Chamber huet en Donneschdeg eng ganz Rei Gesetzer gestëmmt:
Notamment och eent dat d’Rechter vun eelere Leit stäerkt, andeems zum Beispill Qualitéitskontrollen a Wunnstrukture fir eeler Leit agefouert ginn. Donieft gëtt e spezielle Regëster geschaaft, an deem d’Präisser vu sämtlechen Aktivitéiten, Servicer a Prestatioune verëffentlecht ginn. Op déi Manéier soll méi Transparenz iwwert d’Käschten entstoen.