
D'Cellule d’évaluation des risques intempéries et inondations (CERI) deelt an engem Schreiwes mat, dass si e Samschdegmoien d'Evolutioun vun der aktueller Wiedersituatioun op Basis vun de leschte Previsioune vu Meteolux analyséiert huet.
D'Temperature sollen och wärend der ganzer nächster Woch aussergewéinlech héich bleiwen. Et wier eng aussergewéinlech waarm a laang Canicule. Et wier dovun auszegoen, dass dës en Impakt op d'Populatioun an d'Sécherheets- a Gesondheetsservicer huet.
Fir dëse Konditioune Rechnung ze droen, a fir d'Populatioun ze schützen, wäert dowéinst vun e Méindeg 12 Auer un eng Vigilance rouge gëllen. Dat warscheinlech bis nächste Freideg. Plazeweis wiere bis zu 40 Grad méiglech.
En Vue vun der Hëtzt a vun de Festivitéiten, déi am Kader vun Nationalfeierdag ustinn, huet de CGDIS säin Effektiv eropgesat, fir d'Sécherheet vun der Populatioun kënnen ze garantéieren. Et ass an deem Zesummenhang awer gläichzäiteg och den Appell un d'Bierger, sech net onnéideg enger Risikosituatioun auszesetzen, well d'Secouristen an d'Spideeler soss séier un hir Grenze stoussen.
Iwwerdeems erënnert de CGDIS d'Leit dann och drun, dass d'Gefor vu Vegetatiounsbränn a vun Accidenter, zu deenen et bei Aktivitéiten am Fräie ka kommen, wéinst der Hëtzt an der Dréchent aktuell ganz héich sinn. Et soll een deementspriechend virsiichteg sinn a sech verantwortungsbewosst verhalen.
Vun der Santésdirektioun ass et de Rappell, dass ee sech bei Symptomer vu gesondheetleche Probleemer soll un e Generalist riichten. Baussent den Ëffnungszäite vun den Dokteschcabinete géifen d'Maisons médicalen eng éischt Ulafstell duerstellen. Bei uerge Probleemer, déi eng Gefor fir déi eege Gesondheet duerstellen, soll een an eng Urgence goen. Am Zweiwelsfall sollt een den 112 kontaktéieren.
D'Gesondheetsautoritéiten erënneren dann och drun, dass ee Mesurë sollt ergräifen, fir sech virun der Hëtzt ze schützen, respektiv dës besser ze erdroen. Et gëllt ënner anerem, vill Waasser ze drénken, wärend de wäermste Stonnen tëscht 11 an 21 Auer net an d'Sonn ze goen a wärend dem Dag d'Rideauen erof an d'Fënsteren zou ze loossen an eréischt owes ze lëften.
Am Kader vun Nationalfeierdag gëtt iwwerdeems e gemeinsamen Operatiounszenter, e sougenannte "Poste de commandement opérationnel commun (PCO-C)" am nationale Krisenzenter zu Senneng ageriicht, deen aus dem CGDIS, der Police, der Santésdirektioun, der Arméi, der Stater Gemeng an dem Haut-Commissariat à la protection nationale besteet. Vun dësem aus sollen d'Aarbechte vun deene verschiddene Servicer, déi bei de Festivitéite fir Nationalfeierdag am Asaz sinn, koordinéiert ginn.