VIDEO: Zréckgeruff!Wa Liewensmëttel vum Marché geholl ginn

RTL Lëtzebuerg
Egal, ob Rösti, Chipsen oder Baby-Kichelcher, ëmmer erëm gi Produiten aus Supermarchéen zréckgeruff.
Wa Liewensmëttel vum Marché geholl ginn
Egal, ob Rösti, Chipsen oder Baby-Kichelcher, ëmmer erëm gi Produiten aus Supermarchéen zréckgeruff.

D'Grënn dofir kënnen ënnerschiddlech sinn. Vu falsche Beschrëftungen, iwwer Bakterien, bis bei Plastik oder souguer Glasstécker, déi dra fonnt goufen. Mee wéi kommen déi Saachen iwwerhaapt un d'Liicht? Wéi ginn déi Decisioune geholl a wéini gëtt d'Ëffentlechkeet iwwert eng Alerte informéiert? Dofir ass de Service vun der Securité Alimentaire zoustänneg.

All EU-Staat huet seng eege Securité Alimentaire, déi all duerch e System matenee verbonne sinn: de System d'Alerte Rapide. Am Idealfall steet de Produit nach net am Rayon. Soubal e puer dovunner awer scho verkaf sinn, muss d'Ëffentlechkeet informéiert ginn.

Well een als Client awer net all Dag zeréckgeet an duerno kuckt, mécht d'Securité Alimentaire dat zousätzlech op hirem Internetsite an iwwer d'Presse bekannt. An der EU gi pro Joer ongeféier 4.000 Problemer gemellt. Dovunner ass Lëtzebuerg awer net ëmmer betraff. Hei ginn et ëm déi 100 Alertë pro Joer.

Back to Top
CIM LOGO