Verschmotzung vun der SyrWaasserwirtschaftsamt huet Pollutioun gestoppt

RTL Lëtzebuerg
Duerch Buerunge net wäit vu Mëschbësch ewech ass Waasser mat Schlamm an d'Syr gelaf an huet d'Baach an dësem Beräich verknascht.
© Fëscherfederatioun

D’Waasserwirtschaftsamt gouf alarméiert an hir Experten hu sech d’Situatioun op der Plaz ugekuckt. De Bauhär vum Chantier muss dem Artikel 22 elo erklären, wéi et zu dëser Verschmotzung koum a muss Mesuren en place setzen, fir dat an Zukunft ze evitéieren. D’Verschmotzung vun der Syr gouf mat Hëllef vun den Experte vun der Waasserverwaltung gestoppt. Wéi et vun der Verwaltung heescht, hätt een eng Enquête lancéiert.

An enger éischter Versioun hate mer stoen, datt de Chantier gestoppt gouf. Wéi d’Waasserverwaltung awer erkläert huet, wier d’Verschmotzung vun der Syr gestoppt ginn an de Chantier kéint weiderlafen.

Back to Top
CIM LOGO