Regierung soll kloerstellenWat ass am Fall Planetary Resources genee geschitt?

RTL Lëtzebuerg
Am Dossier Planetary Resources léisst d'Chamber net labber. Et geet ëm d'Fro wien, wéini, wéi eng Decisiounen zu dësem Investissement geholl huet.
© RTL Archivbild

Wien huet zum Beispill decidéiert, dass fir 10 Prozent vun de Parten, 25 Prozent vum Initialkapital vun der Entreprise géife bezuelt ginn? Dofir gouf e Méindeg de Wirtschaftspréiwer vun der SNCI an déi zoustänneg Chamberskommissioun invitéiert. Ma dee konnt just feststellen, dass aus der Siicht vun der Comptabilitéit alles an der Rei ass.

Ob eng Decisioun, fir an eng Entreprise z'investéieren, legal ass, wier net seng Aufgab. Dat heescht d'Deputéiert sinn no der Sëtzung e Méindeg de Moien sou schlau wéi virdrun. D'Oppositioun fuerdert d'Regierung nach eng Kéier op, kloerzestellen, wat am Fall Planetary Resources genee geschitt ass.

Deemno Affaire à suivre...

Planetary Resources: Den Étienne Schneider stoung Ried an Äntwert

Back to Top
CIM LOGO