
An engem Communiqué gi béid Acteuren ze verstoen, datt ee sou eng Autorisatioun net vun haut op muer eraus gëtt.
Den eventuelle Exploitant vun engem Heliport misst d’éischt all déi verschidde Gesetzer, groussherzoglech Reglementer a Konventioune respektéieren, déi an dësem Fall spillen.
Just wann dat de Fall ass, kéint d’DAC eng Geneemegung ginn.
D’Dauer vun der Prozedur variéiert op Basis vun der Gréisstenuerdnung an der Komplexitéit.
Fir ze kucken, ob den Exploitant konform ass, ginn Inspektiounen an Auditte gemaach.
Zu Ischpelt huet de Bedreiwer vun engem Hotel eng Demande fir eng Landeplaz fir Helikopteren eragereecht.
Eng Biergerinitiativ wiert sech do dogéint.