
Bei Ampacet zu Diddeleng ass et en Dënschdeg an den 13. Dag Streik gaangen. Zanter dem 27. November leeft déi Aktioun. D’Gewerkschafte reprochéieren der Direktioun, datt si d’Conciliatiounsprozedur dozou genotzt hätt, de Kollektivvertrag eesäiteg ze kënnegen, obwuel de Betrib Millioune-Beneficer maache géing, stuer ze sinn an ee richtege Sozialdialog ze evitéieren.
D’Dauer vun engem Streik ass u sech onendlech. Allerdéngs geet et an d’Geld, well gestreikten Deeg net vum Patron bezuelt ginn. D’Gewerkschaften hunn awer dofir eng eege Mouk, de sougenannte Streikfong oder Streikkeess, déi mat engem Deel vun de Cotisatioune vun de Membere gespeist gëtt.
Wéi vill an deem Fong ass, dat soen d’Gewerkschaften natierlech net. Soss géif de Patron jo wëssen, wéi laang den Otem beim Streiken ass.
Den OGBL-Statuten no kréien d’Leit, déi am Streik sinn, eng Indemnitéit. Déi entsprécht awer net dem volle Loun. Dowéinst ass eng vun de Fuerderunge vum OGBL, datt de Patron déi Streikdeeg wéi geschafften Deeg bezilt.
Dat hat op d’mannst emol am Fall vum Streik bei der Cargolux geklappt. Am Fall Ampacet huet een awer och un d’Solidaritéit a fir Spenden appelléiert. Iwwer 200 Done goufen am Ganze versprach, esou steet et um Internetsite vum OGBL. Esou si bis e Méindeg eppes iwwer 16.000 Euro erakomm.
D’Streikrecht hei am Land ass am Artikel 11 vun der Verfassung zesumme mat der Gewerkschaftsfräiheet ernimmt. Dat Recht ass per Gesetz gereegelt. Dat Ganzt ass awer relativ verklausuléiert well d’Streikrecht gebonnen ass un ee “Litige collectif”. An anere Wierder: Un ee Sträit iwwert ee Kollektivvertrag. D’Non-Conciliatioun ass Haaptbedingung fir de Streik.
Beim ëffentlechen Déngscht ginn et speziell Reegelen, well verschidden national-relevant Servicer funktionéiere mussen. Heiheem gouf et emol d’Fauschtreegel bei de Gewerkschaften, dass op d’mannst all 10 Joer ee grousse Streik sollt sinn, fir dass de Streik-Reflex net d’Baach ofgeet.
En nationale Streik ass och esou ee Schlagwuert well do jo u sech jidderee misst matmaachen. Nenne mir et also éischter ee grousse Streik mat nationale Repercussiounen, esou eppes huet et zënter iwwer 20 Joer net méi zu Lëtzebuerg ginn. Et ware sektoriell oder betriblech Streikaktiounen. Bei de Recherchë geet et zeréck bis an d’Joren ëm 1880/1890 mat Streiker an de Schifergrouwe ronderëm Maartel. Ëm 1916 waren d’Präisser fir Liewensmëttel komplett aus dem Rudder gelaf. Déi Streike waren deels bluddeg. Si hunn awer villes bewierkt, well d’Gewerkschafte fir d’Aushandele vu Kollektivverträg unerkannt goufen.
Déi sozial Spannungen an déi ekonomesch Onsécherheet hunn e puer Joer drop, 1921, zu engem weidere groussen a bluddege Sozialkonflikt gefouert. Als Suite dovunner sinn d’Beruffskummeren zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn.
De ganz grousse Streik vun Enn August 1942 misst u sech all Mënsch ee Begrëff sinn. Et gouf sech géint d’Wehrpflicht duerch de Nazi-Regime gewiert. An de 50er-Jore gouf op de Schmelze respektiv am Biergbau fir d’Reduzéiere vun der Aarbechtszäit gestreikt. Ugangs de 50er gouf et nach eng 56-Stonne-Woch.
Ugangs de 70er-Jore ware Streiker géint den Ofbau am Stolsecteur oder fir eng besser Politik bei Santé, Educatioun a Logement. 1982 war déi grouss Maniff ënnert dem Motto “Fanger ewech vum Index”, 1984 gouf géint de sougenannte Renteklau demonstréiert. Mëtt 98 war den Héichpunkt mat der Maniff um Knuedler am Pensiounssträit bei der Fonction publique mat enger anerer Regierungskoalitioun e Joer drop.
Wann een déi lescht Jore kuckt, war 2009 eng Demonstratioun vun 30.000 Leit géint de Sozialofbau virum Hannergrond vun der Wirtschaftskris. Fir de Rescht waren et sektoriell Streikaktiounen oder Streiker a Betriber wéi elo ebe bei Ampacet.