Vill Leit sinn an der Vakanz, hu sech am Virfeld ni richteg Gedanken iwwert en Abroch gemaach an hu sech nach ni richteg hir Fënsteren ugekuckt, fir d’Police en éischte Schratt zur Sécherheet niewent der Alarmanlag.
D’Police gëtt während onsen Dréiaarbechten op Bartreng geruff, et heescht e Chalet wär an der Nuecht opgebrach ginn, ma vun den Täter feelt all Spur. D'Spuresécherung war schonn do, elo geet et drëms, fir sech an der Noperschaft ze ëmfroen a schlau ze maachen.
Wie gutt Fënsteren huet, huet schonn e gudden Ufank, wien awer op Nummer sécher goe wëll, dee leet sech eng Alarmanlag un.
Wien dann nach eng optesch Iwwerwaachung dobäi wëllt hunn, deen installéiert sech Kamerae mat Beweegungsmelder. Um Marché fënnt een den Ament genuch, wat een ouni Experte-Kenntnisser esouguer selwer installéiere kann. Mä d'Sécherheet concernéiert net nëmmen d’Haus, mä och wat ee ronderëm säin Heem an am Gaart esou leien huet.
Duerch d’Preventioun vun der Police gesinn d'Statistiken, wat déi lëscht Joer ugeet, eenegermoosse stabel aus, verglach mam Joer 2014 goungen d’Abréch an deene leschten Joren zréck.
Wat déi sougenannten Zigeinerzeechen ugeet, déi viru Joren am Gespréich waren, dass d’Abriecher Zeechen un d’Mauere maachen géifen, fir ze signaliséieren, ob eppes ze huelen ass oder net, déi sinn elo net méi esou am Gebrauch, well d'Léit drop apassen.
Am Resumé ginn et just e puer Saachen, ob déi een oppassen soll, d’Police mécht och den Ament mat hirer Campagne genee op dës Problematik opmierksam. Eng gutt Noperschaft ass een effektive Schutz géint Abriecher. Eng gekippte Fënster ass eng oppe Fënster. Eng gutt Beliichtung schreckt Abriecher of an eng Alarmanlag verhënnert och Abréch duerch Ofschreckung. Wann een op dës Rotschléi bëssi oppasst, gëtt d’Probabilitéit, dass een agebrach kritt definitiv méi kleng.