Replay: Dir hutt d'WuertWéi ass är Erfarung mat der "Schoul doheem"?

Claude Zeimetz
Carine Lemmer
Dir hat en Donneschdeg de Moien d'Wuert iwwer d'Schoul doheem. Wéi gutt klappt dat? Wou kann een nobesseren?
© RTL-Grafik

Mir krute vill Feedback vun Elteren, Schüler an och Enseignanten. Vill Konstruktives war derbäi... Kritik an och Luef.

Et ass jo fir jiddereen eng grouss Ëmstellung, déi eng gi besser domadder eens wéi anerer. „Et geet ganz gutt“. „Bis elo leeft et gutt heiheem“, krute mer dacks era geschriwwen.

D'Haaptkritik ass déi, datt et ze vill ass. Datt Proffen et ze gutt mengen, datt se de Schüler ze vill schécken. Datt ze vill verschidde Programmer benotzt ginn – ob een dat net kéint verbesseren? - an datt et net einfach ass fir all Kand déi néideg technesch Geräter ze hunn.

Doheem muss och villes eraus geprint ginn, ob een do keng besser Léisung kéint hunn?, gouf e puer Mol gefrot.

D'Primaner maache sech Suergen, ob a wéini se den Examen maachen. Wéi ass et am 6. Schouljoer mat den Epreuven?

Et gi Famillen, do leeft et bei engem Kand super, den Enseignant ass héich motivéiert. Bei engem anere Kand kritt ee vum Enseignant kee Feedback, dee mellt sech quasi guer net.

Allgemeng gëtt d'Schoul vermësst – wien hätt dat geduecht?! D'Erklärungen...de Kontakt mat de Frënn an och mat den Enseignanten. Begréisst gëtt awer och de perséinleche Kontakt mam Proff, deels méi souguer wéi am Klassesall.

Egal wéi kréien d'Schüler, d'Elteren an d'Enseignanten den Ament vill digital Kompetenzen. Ouni Kris wär dat net méiglech gewiescht, heescht et vu ville Säiten.

Dir hutt d'Wuert - De Replay vun der ganzer Emissioun

LINK: De Livestream vum Radio
RTL NEWS: "Léieren doheem" gutt vun Enseignanten an Elteren ugeholl, sou Sondage

Back to Top
CIM LOGO