Fuerschungsprojet Con-VinceWéi ass de Coronavirus an der Lëtzebuerger Bevëlkerung verdeelt?

Claude Zeimetz
Pierre Weimerskirch
Eng Äntwert op dës Fro kann een den Ament nach net ginn. Eng Etüd soll elo dobäi hëllefen, fir weider Informatiounen ze kréien.
Fuerschungsprojet Con-Vince
Wéi verbreet ass de Coronavirus zu Lëtzebuerg? Dat kann den Ament nach kee mat Sécherheet soen.

Persounen, déi keng oder nëmme wéineg Symptomer vum Coronavirus hunn, droen d'Krankheet weider, ma ginn den Ament nach net vun den Tester erfaasst. Dat soll sech elo änneren. Déi sougenannten Task force Covid-19, déi sech aus 30 Fuerscher vu ganz ënnerschiddlechen Institutiounen hei am Land zesummesetzt, huet e representativen Depistage bei 1.500 Leit lancéiert, déi iwwert eng länger Zäit begleet ginn.

CON-VINCE / Reportage Claude Zeimetz

D'Zil vun dëser neier Etüd seet de Coordinateur Rejko Krüger vum Luxembourg Institute of Health ass et, fir déi Lëtzebuerger Populatioun representativ erëmzespigelen.
Rejko Krüger:"Das Ziel ist eine Idee zu bekommen, wie das Coronavirus in der Bevölkerung verteilt ist. Aktuell schauen wir nur nach Erkrankten. Dann wird es möglich sein, auch bis lang nicht symptomatische Patienten, die das Virus haben, zu erkennen."

An et kënnen iwwert dëse Wee och déi Leit erfaasst ginn, déi rëm geheelt sinn fir ze kucken, a wéi wäit si eng Immunitéit opgebaut hunn. Fir e representativ Resultat z'areechen, gi ronn 1.500 erwuesse Participanten op fräiwëlleger Basis vun TNS Ilres rekrutéiert, natierlech vu verschiddenen Alterskategorien, Nationalitéiten, geographesch Verdeelung a Geschlecht.

Rejko Krüger:"Diese werden gebetenn Fragen auszufüllen, zu gesundheitlichen Aspekten, Symptomenn die man vielleicht hatte, Reisenn die man gemacht hat. Alles dasn was mit der Verbreitung des Virus in Verbindung stehen kann. Das erfolgt natürlich pseudonymisiert. Und diese Daten dienen dann gemeinsam mit einem Virustest und einer Testung der Antikörper eine Einordnung zu treffen."

Zil ass et an den nächste Wochen schonn éischt Resultater virleien ze hunn. Mä de Fuerschungsprojet ass awer op enger länger Zäit ausgeluecht, op ee Joer, wéi de Professer Krüger erkläert.

Rejko Krüger:"Da wir davon ausgehen, dass es noch eine weitere Verbreitung in Luxemburg gibt. Wir wissen dass die aktuellen Massnahmen geholfen haben, das zu verlangsamen. Wir wollen auch hier einen Eindruck vun der Geschwindigkeit der Ausbreitung gewinnen. Es kann sein, dass Individuen die am Anfang noch kein Virus hatten, sich im Verlauf als positiv herausstellen. Wir erwarten, dass Menschen, die am Anfang positiv waren, das Virus verlieren und eine Immunität aufbauen."

D'Analyse ginn an enger éischter Phas 4 mol an engem Rhythmus vun zwou Wochen gemaach. An et ass e Bilan no engem Joer geplangt. D'Ofstréch ginn den Ament nach am Hals an der Nues geholl. Spéider solle Bluttprouwen oder aner Echantillonen erfaasst ginn. Patienten mat seriöe Symptomer gi vun der Etüd ausgeschloss an natierlech normal behandelt.

De Fuerschungsprojet Con-Vince regroupéiert wéi gesot e ganze Konsortium vu Lëtzebuerger Fuerschungsinstituter ëm de Luxembourg Institut of Health an den Zenter fir Biomedezinnn ma och d'Uni Lëtzebuerg.

RTL-Interview mam Rejko Kruger

RTL-Artikel: 1.500 Persoune sollen op SARS-CoV-2 getest ginn

PDF: Schreiwes vun der ADR

Back to Top
CIM LOGO