No engem Mount QuarantänWéi ass de finanziellen Impakt op kleng Entreprisen zu Lëtzebuerg?

Ben Andrews
Mir hu mat e puer Entrepreneure geschwat a si no hirer Meenung gefrot, zu de staatlechen Hëllefen, déi wärend dëser exzeptioneller Zäit ugebuede ginn.
Finanziellen Impakt op kleng Entreprisen zu Lëtzebuerg
Mir hu mat e puer Entrepreneure geschwat a si no hirer Meenung gefrot, zu de staatlechen Hëllefen, déi wärend dëser exzeptioneller Zäit ugebuede ginn.

Giovanni Patri, Rescue Independants & Startups

Den Giovanni Patri, dee selwer selbststänneg ass, ënnerstëtzt Patrone wéi och Independanten a versicht, si iwwert säi Facebook-Grupp ze beroden. „Rescue Independants & Startups" ass awer mëttlerweil net nëmmen eng Plattform fir Informatiounen iwwer d'staatlech Hëllefen ze fannen. Et ass eng Gemeinschaft ginn, déi sech och moralesch staark ënnerstëtzt.

Giovanni Patri:"De Premier huet et gesot: et ass historesch, dass Lëtzebuerg an esou enger Kris ass. Dat heescht, d'Leit hu schonn Angscht fir hir Gesondheet, an nach dobäi si si amgaangen, bal alles ze verléieren, alles woufir se geschafft hunn. Mir hu ganz vill Messagen, wou d'Leit einfach duerchdréinen a soen, si wéilte Selbstmord maachen, well se fäerdeg sinn. Ech mengen dee beschte Saz, deen ech héieren hunn, ass 'ech si midd dovu midd ze sinn'. D'Leit soen einfach 'mir brauchen direkt eng Hëllef, well mir wëssen net, wat muer gemaach gëtt'. An dat ass de Problem. Et héiert een all déi aner Länner, et weess een net, wéini déi Kris eriwwer ass."

Dem Giovanni Patri no misst ee lo Hand an Hand mat den dräi concernéierte Ministèren – dee vun der Ekonomie, Classes Moyennes a Finanzen – zesummeschaffen a séier Solutioune praktesch ëmsetzen.

Casper Frydendal, Besëtzer vun engem Klotergeschäft

De Casper Frydendal, Besëtzer vun engem Klotergeschäft zu Mamer, huet duerch d'Regierungsmoossname säi Betrib och missen zoumaachen. Zanter dräi Wochen ass dat lo de Fall, de physesche Verkaf war vun engem Dag op den aneren eriwwer, erzielt de Casper Frydendal. Glécklecherweis hätt een eng Online-Verkafsplattform.

Kleng Entrepreneure kënnen op ee Prêt vum Staat zréckgräifen, deen a Funktioun vun de Käschte vun der Firma bestëmmt gëtt – wéi z.B. Loyer oder Salairen.

Casper Frydendal:"Ech sinn zimmlech zefridde mam Lëtzebuerger Gouvernement a wat d'Politiker maachen. Mir hu Chance, mir hu keng richteg Employéen, mir sinn zwee Associéen. Mir hunn déi Hëllef-Packagen ugefrot, fir Salairen an och dee Package, mat deene 5.000 Euro fir kleng Entreprisen hu mer ugefrot."

Pamela Strasser, bitt Formatioune fir Resilienz an der Aarbechtswelt un

D'Pamela Strasser gëtt fir gewéinlech Formatioune fir méi Resilienz an der Aarbecht an am Alldag. Ma zanter dass ee sech net méi a Gruppen treffe dierf, hu vill Entrepreneure missen Alternative fannen. Am Normalfall huet si 20 bis 40 Leit am Cours sëtzen, elo hätt si der souguer méi an den Online-Coursen. "Wat flott ass, well d'Leit wierklech vun deem Resilienz- an Happiness-Training am Moment wierklech gutt kënne profitéieren", esou d'Pamela.

Wéi vill aner Entrepreneuren huet d'Pamela hir Aktivitéiten op den Internet verluecht. Mä et ass net fir jiddereen esou einfach.

Pamela Strasser:"Meng perséinlech Meenung ass, wat Independanten zu Lëtzebuerg ugeet, war scho virdrun einfach ee Problem do, well mer net richteg gehéiert gi sinn, scho virun der Kris. An d'Kris bréngt dat natierlech lo méi erop. A wat ech mer als Independant einfach géing wënschen, ass, dass méi en oppenen Dialog do wär tëscht dem Gouvernement an eis."

Elfy Pins, "Supermiro"

Zanter Mëtt Mäerz dierf ee sech jo net méi a gréissere Gruppe versammelen – an dat betrëfft natierlech och Evenementer. D'Geschäftsiddi vum Elfy Pins hirem Betrib „Supermiro" baséiert awer drop, Evenementer ze promouvéieren. Hir Aktivitéite wieren zu 100% agebrach, erkläert si.

Elfy Pins: "Donc on s'est demandé comment on allait rebondir et qu'est-ce qu'on allait pouvoir faire de ça. Et donc on a réorganisé notre contenu et redéveloppé une partie de notre plateforme pour être en mesure de parler de toutes les online initiatives de tout ce qui se passe finalement au niveau culturel, au niveau des restaurants qui s'organisent pour faire du take-away etc."

Vue dass d'Elfy d'Evolutiounen genee verfollegt hat, konnt si séier reagéieren, wéi staatlech Hëllefen disponibel waren an huet hir Demande fréi eragereecht. Bis elo hätte si nach näischt kritt, mä d'Elfy bleift zouversiichtlech, dass "Supermiro" eligibel ass, fir eng finanziell Ënnerstëtzung ze kréien.

D'Quarantän trëfft all d'Secteuren. Selbststänneg Entrepreneuren a kleng Betriber leiden awer besonnesch ënnert den aktuelle Mesuren. Ma mat e bëssi Ausdauer a Kreativitéit schénge verschiddener sech doduerch ze kämpfen.

Antëscht huet d'Regierung dann och weider Hëllefe fir kleng Betriber ugekënnegt. Den Detail fannt der hei.

RTL-Artikel: Resultat vun Enquête: Chambre de Commerce fuerdert zousätzlech Hëllefe fir Betriber

Back to Top
CIM LOGO