Et gi wuel keng genee Zuelen, ma nawell ginn et och zu Lëtzebuerg Mënschen ouni Doheem, déi op der Strooss liewen. A grad bei dësen äisegen Temperaturen, déi mir jo an der Lescht haten, spëtzt sech déi prekär Situatioun fir dës Leit dobaussen zou, kéint souguer liewensgeféierlech ginn. Ëmsou méi wichteg ass et, datt et engagéiert Leit ginn, déi sech fir Leit ouni Doheem asetzen.
Um 6 Auer moies mécht sech zu Hollerech d’Ekipp vu "Premier Appel" prett fir owes. Fir d’éischt geet et awer emol a verschidde Restauranten, fir Liewensmëttel anzesammelen. Déi kréie se gratis a si meeschtens nach zwee Deeg gutt. Net nëmme vun de Restaurante kréie si Liewensmëttel, ma och vum "Stëmm Caddy". Si sammele Liewensmëttel vun de Supermarchéen, déi ze vill sinn oder geschwënn oflafen. Meeschtens hu se hei méi wéi genuch a kënnen net alles mat eraushuelen. Dofir liwwere si se nach den Owend sëlwer bei verschiddenen Associatiounen of.
Bei der Stëmm vun der Strooss si se och vu Liewensmëttelspenden ofhängeg. Hei gëtt et mëttes eng waarm Moolzecht fir 50 Cent. Nach ni koumen esou vill Leit mëttes heihinner iessen, wéi den Ament. Eng ronn 300 Moolzechte ginn nëmmen an hirem Restaurant zu Hollerech all Mëtteg iwwert Théik. Fir den eenzege Kach, den Thilo Umbach, ass dat all Dag eng nei Erausfuerderung. Fir déi, déi net emol 50 Cent hunn, gëtt et de ganzen Dag iwwer gratis eng waarm Zopp, Bréidercher a Kaffi.

Eng waarm Moolzecht, dat hëlleft och deenen, déi owes net an e Foyer ginn, mä dobausse bleiwen.
Och fir Streetworker vu Premier Appel ass et net ëmmer einfach, fir Leit an der Keelt zeréckzeloossen. Et si genuch Better fräi, mä net jidderee wëll an e Foyer goen. Si bleiwe fräiwëlleg dobaussen.
Och bei der Stëmm vun der Strooss gëtt mat vill Engagement geschafft. Ma an awer geet et vir an hannen net duer. Dat net, well net genuch Liewensmëttel do sinn, ma well ee Kach eleng et net méi geréiere kann. An dofir gëtt elo dringend een zousätzleche Kach gebrauch. Dofir feelt leider den néidege Budget vun 30.000 Euro. D'Directrice huet zesumme mam Laurent Meiers vun der Crowdfunding-Plattform Gingo e Spendenopruff gestart. Dëse leeft den Ament nach e bësse lues un, ma se sinn optimistesch, dass se bis de 17. Februar déi néideg Spenden zesummekréien.

Premier Appel gëtt et zanter zwee Joer a sou lues kenne si d'Leit dobaussen. Streetworker hunn et net ëmmer einfach. Ëmmer nees kréie si virgehäit, dass si net genuch maachen, fir Leit an eng waarm Struktur ze bréngen. Si ginn awer och ëmmer nees fir hir Aarbecht belount. Beispillsweis ass dee Mann, dee mir d’lescht Joer bei eisem Reportage nach dobausse gesinn hunn, no 20 Joer op der Strooss elo an enger fester Struktur. An dofir gi si weider hiert Bescht. Vertrauen opbauen an einfach do sinn, dat ass wichteg. An sou geet Aarbecht vun de Streetworker haut an all aneren Owend weider.