Tiny HousesWéi d'Gemengen och kleng Haiser erlabe kënnen

Diana Hoffmann
D'Inneministesch Taina Bofferding huet eng Rei Rotschléi presentéiert, fir de Gemengen ze hëllefen, Tiny Houses op hirem Terrain ze promouvéieren.
Nei Tiny-Houses-Reglementer fir Gemengen
D’Inneministesch Taina Bofferding huet eng Rei Rotschléi presentéiert, fir de Gemengen ze hëllefen, Tiny Houses op hirem Terrain ze promouvéieren.

Et si kleng Haiser, wou alles seng genau Plaz huet. Maximal 50 Quadratmeter solle se grouss däerfe sinn. D’Form vum Daach oder der Fassade ka fräi gestalt ginn. Bei der Bestëmmung vun deem, wat en Tiny House ass, wollt een net ze restriktiv sinn, seet d’LSAP Inneministesch Taina Bofferding um Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz. E puer fix Reegele gëtt et dann awer. D’Haiser däerfen net am Buedem verankert sinn a mussen un déi ëffentlech Infrastrukture wéi Waasser, Ofwaasser an Elektrizitéit ugeschloss sinn. Doriwwer eraus ass eng gewëssen thermesch Isolatioun an eng Baugeneemegung néideg.

An der Vergaangenheet huet et dacks geheescht, déi kleng Haiser kéinten net zougelooss ginn, well se ënner anerem dem Bautereglement vun de Gemenge widderspriechen. Dofir huet den Inneministère elo am Austausch mat der Tiny House Community Asbl Recommandatiounen ausgeschafft, wéi d’Gemenge kënnen hiert Bautereglement, hire PAP an de PAG kënnen erweideren.

D’Propose vum Inneministère gesi vir, dass duerch Ännerunge vum PAG kann d’Opriichte vun Tiny Houses op Baulücken a Wunnzonen erlaabt ginn. Net awer an engem Stadkär. Sou kéinte Gemengen an enger neier Zone d’habitation type d’habitation légère och ganz Tiny-House-Dierfer erlaben.

Ma och de PAP an d’Bautereglement vun de Gemenge mussen ugepasst ginn, fir déi nei Wunnform ze erméiglechen. Fir Tiny Houses kann zum Beispill keng Mindesthéicht wéi fir aner Gebaier gëllen, an och fir déi minimal Plafongshéicht muss eng aner geneemegt ginn, wéi fir normal Haiser.

“Ob d’Gemengen dës Reglement-Typpen ëmsetzen an hir Reglementer upassen, ass hinnen iwwerlooss”, seet d’Ministesch. Et wier awer wichteg gewiescht, deem Ganzen e begrenzte Kader ze ginn an et ze reglementéieren, fir Abus ze evitéieren.

Et wier awer kloer ze betounen, dass et sech hei net ëm eng Léisung fir de Logementsproblem am Land géing handelen, huet d’Taina Bofferding ënnerstrach. D’Presidentin vun der Tiny House Asbl. Nickie Lippert huet hier an deem Punkt Recht ginn an ënnerstrach, dass d’Leit, déi an Tiny Houses géingen oder wéilte wunnen, extrem ënnerschiddlech wieren. Minimalistesch Wunne wier e Choix, an dat soll et och bleiwen.

Et wéilt een awer net als Tourist an enger Uertschaft wunnen, dofir bräicht een och eng Adress. “Lo ass et un de Gemengen, sech ze trauen, an ze kucken, wou se Plazen hunn, déi a Fro kommen”, sou den Opruff vum Nickie Lippert. An der Tiny House Asbl wieren eng 90, méi oder manner aktiv, Memberen. Den Interessi un der Thematik wier also grouss.

De 7. an den 9 Mee organiséiert d’Tiny House Community tëscht 10 an 17 Auer eng Porte ouverte an engem Tiny House zu Duelem (Dahlem) op der Adress 8, rue de l’école.

PDF: Schreiwes vum Inneministère

Back to Top
CIM LOGO