
De Luxembourg City Tourist Office huet national an international Vertrieder aus der Tourismusbranche an de Stater Cercle invitéiert, fir sech iwwer d'Zukunft vum urbanen Tourismus auszetauschen.
Mat dobäi waren och international Experten aus beléiften europäesche Stied ewéi Oslo, Tallin oder Nantes. De Xavier Theret, dee sech ëm d'Promotioun vun Nantes këmmert, huet erkläert, wéi sech déi franséisch Industriestad mat de Joren an eng beléift Touristendestinatioun verwandelt huet:
"On a commencé par la culture. Et la culture a généré de l'intérêt qui a fait venir les visiteurs. Donc au départ, on a fait des choses surtout pour les habitants, pour les Nantais. Mais très rapidement, les médias en France ont commencé à parler de la ville. Et c'est là qu'on a vu les touristes arriver."
Eng Strategie, déi um Tourismus-Sommet op groussen Intressi gestouss ass. Och beim Kulturminister an delegéierten Tourismusminister Eric Thill. Dat Zesummespill tëschent Kultur an Tourismus, dat wier eppes wourunner d'Stad Lëtzebuerg, awer och de Grand-Duché sech kéint an och sollt inspiréieren.
"Wou ee Kultur an den ëffentleche Raum bréngt a wou virun allem nieft den Touristen och d'Leit an der Stad selwer kënnen dovu profitéieren, wou d'Liewensqualitéit gestäerkt gëtt a wat dann och der Gemeinschaft am Allgemengen zegutt kënnt."
Stéchwuert Liewensqualitéit a Kultur: D'Direktesch vum Luxembourg City Tourist Office, Antje Voss, ass iwwerzeegt, d'Stad Lëtzebuerg huet an deem Sënn ganz vill ze bidden:
"Muséeën, Festivaller, Eventer. An et ass eenzegaarteg, well ganz vill ass gratis dovunner... Natierlech hu mer och vill Gréngflächen a Parken. Déi droen och zu enger ganz héijer Liewensqualitéit bei. A wat e Virdeel ass, d'Stad ass ganz kompakt a kann ganz einfach zu Fouss entdeckt ginn. Den ëffentlechen Transport ass gratis. Also do schwätze wierklech vill Visiteuren och dovunner."
Stäerkten, déi ee soll an de Vierdergrond setzen, recommandéiert d'Thea Gunnes vu Visit Oslo. Déi och e puer Gemeinsamkeeten tëschent dem Grand-Duché an der norwegescher Haaptstad gesäit.
"Eng méi kleng Stad ze sinn, bréngt vill Virdeeler mat sech. Zu Oslo kënnt ee bal iwwerall zu Fouss hin, an ech mengen, dat ass och zu Lëtzebuerg de Fall. D'Distanze si kuerz, an och wann emol méi Leit do sinn, kann ee se méi einfach op verschidde Plaze verdeelen. Dat ass eng richteg Stäerkt."
De Luxembourg City Tourist mécht deemnächst och ee sougenannte "Place Identity Scan". Do gëtt sech mat Leit aus de verschiddenste Beräicher echangéiert, fir ze kucken, ob d'Stad Lëtzebuerg sech och richteg positionéiert an no bausse verkeeft. Dee Projet gëtt am Hierscht lancéiert.