Plooschter-ProjetWéi gëtt ee Stammzellespender?

Tim Morizet
Eng 100 Mënsche ginn zu Lëtzebuerg all Joer mat Bluttkriibs, also Leukemie, diagnostizéiert.
Wéi gëtt ee Stammzellespender?
Eng 100 Mënsche ginn zu Lëtzebuerg all Joer mat Bluttkriibs, also Leukemie, diagnostizéiert.

Fir déi meescht Betraffe gëtt et just eng Rettung: Eng Stammzelle-Spend. Fir, datt d’Sich nom passende Spender net zur Sich no der Nol am Hee gëtt, solle sech méiglechst vill Mënsche typiséieren loossenAss ee betraff, da gëtt generell fir d’éischt an der Famill no engem Spender gesicht. Wann do awer kee fonnt gëtt, läit d’Chance bei der weltwäiter Datebank bei 5 Prozent.

Yannick Lieners, Plooschter Projet:

„Et si mëttlerweil och nei Traitementer um Marché. Den Dokter probéiert ëmmer, de Patient mat enger Chemotherapie ze heelen. Mee an de Fäll mat aggressiver Leukemie geet dat dacks net duer an dann ass dem Patient seng lescht Chance d’Stammzelle-Spend. Den Ament stierft awer nach all 3. Patient, well net genuch Leit an der weltwäiter Datebank dra sinn.”

D’Stammzelle sëtzen am Knachemuerch. Aus deene produzéiert eise Kierper permanent frësch Bluttzellen. Bei Leukemie wiisst d’Zuel u béisaartege Bluttzellen onkontrolléiert am Kierper vum Patient. Dofir ginn déi liewesnoutwenneg Aufgabe vum Blutt ewéi den Transport vu Sauerstoff oder d’Bekämpfe vun Infektiounen gestéiert. Eng Transplantatioun kann hei hëllefen nei a gesond Blutzelle ze produzéieren.

„Et spent een déi Stammzellen iwwer 3 bis 4 Stonnen iwwert d’Blutt. Et sëtzt een op engem Stull. D’Blutt geet aus dem Aarm eraus an en Apparat. Deen hëlt d’Stammzellen eraus. Wann et Problemer beim Patient ginn, muss een et vläicht eng zweete kKier maachen. A 95 Prozent vun de Fäll gëtt et esou gemaach. Just a 5 Prozent vun de Fäll mécht den Dokter et gären aus dem Becken. Dat ass eng Operatioun ënner Vollnarkos. Mee déi kann een och refuséieren.”

© Céline Spithoven/RTL

Ëmmer nees gi Stammzelle-Spender gesicht, fir Datebank ze erweideren.

Bob Glod, President Landjugend Clierf:

Et kann ee sech registréieren am Alter tëscht 18 a 40 Joer. Mat 60 fält een aus der Datebank nees eraus.

Christiane Lieners, Plooschter Projet:

Et kann een all Dag einfach an e Labo goen a soen, et wéilt ee Stammzelle-Spender ginn. Dat gëllt och fir all d’Privat-Laboen, déi zum Beispill Bluttanalysen maachen. Et fëllt een Formular aus. Et gëtt ewéi bei eis Bluttanalys gemaach an dann ass een och scho registréiert. Dat Ganzt ass virun allem gratis. Soss kann ee sech natierlech och beim Plooschter-Projet mellen. Mir ginn a Lycéeën, Betriber oder soss Manifestatiounen.”

Fir, datt de Spender an de Patient keng emotional Relatioun opbauen ass eng Stammzelle-Spend ugangs anonym. De Grond: Et fonctionéiert net ëmmer. Experten no hu 60 Prozent vun de Agrëffer Succès. Wëlle Spender a Patient sech no enger Victoire begéinen, da kënne se dat generell awer no e puer Joer.

Back to Top
CIM LOGO