An zwar an der Zäitschrëft "The International Journal of Press and Politics": Wéi eng Roll hu Medien, wann et ëm rietspopulistesch Tendenzen a Staate geet?
D'Fuerscherin huet analyséiert, wéi d'Medien an de Benelux-Länner mat Forme vu radikalem Rietspopulismus ëmginn. D'Benelux-Staaten hunn ähnlech politesch Systemer an och sozio-ekonomesch änelen déi dräi Länner sech. Ënnerscheeder gëtt et awer, wat de Rietspopulismus ugeet: Zu Lëtzebuerg an an der Wallonie ass e kaum present, anescht ass dat an Holland a Flanderen.
Wéi Medien domat ëmginn, huet d'Leonie de Jonge 47 Vertrieder aus Medienhaiser gefrot.
De Pierre Weimerskirch huet mat der Doktorandin vun der Uni Cambridge geschwat.