Plan CaniculeWéi "Help" no vulnerabele Leit kuckt

Chris Meisch
Déi héich Temperature kënne besonnesch fir eeler a vulnerabel Mënsche geféierlech ginn.
© Chris Meisch
Wéi "Help" no vulnerabele Leit kuckt
Déi héich Temperaturen dëse Summer kënne besonnesch fir eeler a vulnerabel Mënsche geféierlech ginn.

Fir si besser ze schützen, huet de Gesondheetsministère de "Plan Canicule" lancéiert. Zanter e puer Deeg geet de Service HELP vun der Croix-Rouge bei Senioren heem, fir no hinnen ze kucken. Eeler Leit hunn dacks keen oder manner Duuschtgefill an dat ka bei bal 40 Grad séier geféierlech ginn.

D'Rachel Schmitt vun der Help-Antenn zu Bartreng: “Physiologiquement, ces personnes âgées ont une sensation de soif qui est bien différente, une thermorégulation qui est souvent mise à mal, une polymédication aussi qui est associée à beaucoup de traitements. Donc c’est évident d’avoir une vue professionnelle qui va permettre d’avoir les signes de déhydratation évidents, qui vont tout de suite nous alerter. Donc, c’est là pour anticiper toutes ces complications liées souvent à l’âge.”

D'Mataarbechter kontrolléiere bei de Leit doheem dowéinst ënner anerem, ob genuch gedronk gëtt, ob d'Wunneng sou gutt wéi méiglech kill gehale gëtt, an ob et Zeeche gëtt, datt d’Hëtzt schonn Auswierkungen op d’Gesondheet vun der Persoun huet. De Fabio Martins, Aide-Soignant bei HELP.

"Mir hu méi schwiereg Tier, wou een zu zwee muss sinn, wou ee Client bis zu eng Stonn kann daueren. Mir hunn awer och Tournéeën, déi si méi liicht, wou de Client och relativ autonom ass. Et ass heiansdo eng Iwwerraschung. Mir hunn der scho getraff, déi bei 30 Grad am Gaart amgaang ze schaffe waren, da musse mir hinne soen, hei kommt eran, dat geet esou net. Mir kucken, wéi hiren Zoustand ass, ob si genuch gedronk hunn, ob si an engem Raum sinn, wou et ze waarm ass, da musse mir de Raum wiesselen an ee méi kille Raum."

De Plan Canicule riicht sech virun allem u Persounen iwwer 75 Joer, déi eleng oder mat enger Persoun mat ageschränkter Autonomie liewen an net schonn duerch d'Assurance Dépendance betreit ginn. Interesséierter kënne sech iwwer den Internetsite oder d'Hotline vum Lëtzebuerger Roude Kräiz um 2755 informéieren an umellen.

Back to Top
CIM LOGO