Rollebild am WandelWéi involvéiert sinn d'Pappe vun haut?

RTL Lëtzebuerg
De Papp als Ernärer a Familljechef? Mat deem Rollebild wëlle sech vill Männer haut net méi identifizéieren. Ma wéi ënnerscheede sech Wonsch a Realitéit?
Wéi involvéiert sinn d'Pappe bei der Erzéiung vun de Kanner?
Op den éischte Bléck kéint ee mengen, dass béid Geschlechter sech gläichermoossen ëm d’Kannererzéiung këmmeren.

D’Koppel ass méi ausgeglach, den Taux vun de Scheedunge geet erof a virun allem d’Kanner profitéieren. Ëmmer erëm beleeë Etüden déi positiv Effekter dovun, wa Männer sech aktiv an d’Erzéiung abréngen. De Wonsch, méi Zäit mat den eegene Kanner ze verbréngen, hu vill Pappen. Ma d’Realitéit gesäit dacks anescht aus. Am däitsche “Vaterreport” vun zejoert gi beispillsweis 55% vun de Pappen un, d’Hallschent vun der Kannerbetreiung iwwerhuelen ze wëllen, awer just 25% soen, dass dat bei hinnen aktuell och de Fall ass. Freet een d’Mammen, sinn et esouguer just 10%. Wat sinn d’Wënsch an d’Uspréch un de Papp vun haut a wat bremst hien aus?

Kuckt een d’Lëtzebuerger Zuele vum Zréckgräifen op den Elterecongé, gesäit een däitlech, dass ëmmer méi Pappe vun dësem Gebrauch maachen. Zanter der Reform vun 2016 huet sech d’Demande bei de Männer méi wéi verfënneffacht. Zanter 2019 ginn esouguer méi Männer an den Elterecongé, ewéi Fraen.

© Eurostat / RTL Grafik

Dat ass eng positiv Entwécklung an op den éischte Bléck kéint een d’Zuelen esou interpretéieren, dass mer hei scho bei der Gläichberechtegung ukomm wieren. Deementspriechend kéint een dann och mengen, dass d’Pappe sech gläichermoossen an d’Erzéiung vun de Kanner abréngen ewéi d’Mammen. Ma an der praktescher Ëmsetzung ginn et grouss Ënnerscheeder. Wärend de Gros vun de Mammen hiren Elterecongé op ee Coup beieneen hëlt, gräift bal d’Hallschent vun de Männer op d’Méiglechkeet zeréck, dësen opzedeelen – wou se wärend 20 Méint entweder een Dag an der Woch net schaffen oder an dëser Zäit 4 Mol ee Mount um Stéck fräi hunn.

Dass dat net just fir d’Zäit vum Elterecongé en Ënnerscheed mécht, ma och de Grondstee fir déi weider Relatioun mam Kand setzt, weess de Jean Fischbach. Hie schafft fir d’Initiativ “Liewensufank” a setzt sech vill mam Thema vun der “aktiver Papperoll” auserneen. De Problem, deen entstoe géif, wann een den Elterecongé opdeelt, wär, dass een net an de richtegen Alldag-Modus erakënnt, wou ee fir eng Zäit komplett fir d’Kand zoustänneg ass: “An Däitschland hu se Etüde gemaach, wou se gesinn hunn, dass wa Männer hir Eltere-Vollzäit huelen – also 2-3 Méint um Stéck – dat ass de Minimum, deen een do kann huelen – da si se duerno méi involvéiert dat heescht, se si méi present, se sinn och bereet, iergendwou mat hirer Aarbechtszäit zréckzegoen. D’Famill kritt méi eng héich Roll, well se natierlech och positiv Erfarungen doheem maachen.”

Fir dem Zil vun enger gläichberechtegter Erzéiung méi no ze kommen an dem Mann vun haut ze hëllefen, seng Roll als Papp ze fannen, bitt d’Initiativ “Liewensufank” eng ganz Rei Coursen un – ënnert anerem och e Gebuertsvirbereedungscours, dee sech explizitt net just un déi schwanger Frae riicht, ma eben och un déi zukünfteg Pappen. Wann et ëm den Opbau vun der Bindung mam Kand geet, sinn d’Mamme schonn eleng biologesch duerch d’Schwangerschaft an d’Hormoner, déi sech hei opbauen am Virdeel, d’Pappe mussen déi Aarbecht quasi nohuelen.

© RTL Grafik

De Papp ka säin Elterecongé allerdéngs fréistens nom Congé de maternité also 3 Méint no der Gebuert vum Kand huelen. Dem Papp säi Pendant zum Congé de maternité, de sougenannte Pappecongé, louch laang bei just 2 Deeg a gouf 2019 op 10 Deeg gehéicht. Dat wär zwar e Schrëtt an déi richteg Richtung, awer ëmmer nach net genuch, fënnt d’Initiativ “Liewensufank”. De CID Fraen an Gender gesäit dat änlech. Si fuerderen e “Congé égalitaire” vun 3 Méint fir déi zwee Elterendeeler – onofhängeg vun hirem Geschlecht. Grouss Hoffnung op d’Ëmsetzung vun der Fuerderung gëtt hinne vum Aarbechtsministère net gemaach – och mat der Begrënnung, dass de Pappecongé jo grad eréischt verlängert gi wär. Dobäi geet déi Ännerung am Fong op eng EU-Direktiv zréck, déi e Minimum vun zwou Woche Pappecongé agefuerdert huet, wéi d’Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender erkläert: “Dat war net onbedéngt just déi fortschrëttlech Politik vu Lëtzebuerg. Dat war kloer. Bis August muss dat do ëmgesat ginn. A mir sinn och lo am Verglach just am Mëttelfeld respektiv beim Minimum, deen ee muss hunn. An der Belsch sinn et zum Beispill 6 Wochen, a Frankräich 4, a Spuenien hunn se der 16. Also et gëtt wierklech vill Sputt no uewen.”

Den Elterecongé ass zanter de leschten Ännerunge méi flexibel ginn. E weider ze flexibiliséieren, esou dass dem Papp säin Elterecongé op Wonsch och direkt hannert déi 10 Deeg Pappecongé hänke kann, ass net geplangt. De Wonsch dono hätt de Familljeministère an enger realiséierter Etüd awer och net gespuert. D’Demande géing éischter an d’Richtung goen, fir den Elterecongé opdeelen ze kënnen, wéi d’Familljeministesch Corinne Cahen erkläert: “Ech mengen, do ginn et e puer Grënn. Dat Eent ass, net ganz opzehalen, mat schaffen am ‘Betrib X’ mä einfach am Betrib wëlle bleiwen an dat, wat mer och festgestallt hunn, ass, dass vill Leit déi de flexibele Congé parental huelen – 1 Dag d’Woch – dass déi ganz dacks herno mat hirem Patron schwätzen, fir ze kucken, ob se net sou weiderschaffe kënnen. Sou dass se just 80% verdéngen, 80% schaffen – a wann d’Mamm dann och e bësse manner schafft, da si mer net méi am Schema ‘d’Fra schafft hallef an de Mann ganz’ oder ‘d’Fra guer net an de Mann ganz’, mä jidderee reduzéiert e bësse seng Aarbechtszäit.”

Bis elo zielen d’Zuelen allerdéngs eng aner Geschicht. Wann ee vun de Leit schwätzt, déi Deelzäit schaffen, maachen d’Frae bal 80% aus. Méi wéi een Drëttel vun de Frae schaffen am “temps partiel”, bei de Männer sinn et grad emol 6%.

A wann een d’Deelzäit a Relatioun mat de Kanner am Stot setzt, gesäit een, dass se bei de Fraen an d’Luucht geet, wann e Kanner am Stot ass, bei de Männer net. Am Contraire esouguer.

© Eurostat / RTL Grafik

Fir de Jean Fischbach ass kloer: Wa mer nohalteg d’Gläichberechtegung tëscht béiden Elterendeeler fërdere wëllen, muss een an der Ufankszäit usetzen. Dofir schwätzen och d’Zuelen. Als Virbild gesäit hie beispillsweis de schwedesche Modell, wou déi involvéiert Papperoll gesellschaftlech scho laang verankert ass. Nieft der Fuerderung vun engem méi laange Pappecongé, géif et fir hien och Sënn maachen, beim Congé parental unzesetzen: “Dass ee seet: Ok, am Congé parental mussen d’Pappe vläicht och einfach zwee Méint Vollzäit huelen. Firwat? Wat fir en Effekt hätt dat? Dat éischt wär de Bindungsopbau. Dat Erakommen, Erliewen, wat den Alldag ass, a wéi ustrengend, dass et ass, sech ëm e Kand ze këmmeren. Wat an der Partnerschaft vill méi Verständnis mat sech bréngt.”

Wann et kee Choix méi wär, kéint een d’Angscht viru beruffleche Konsequenzen eliminéieren a gläichzäiteg d’Gläichberechtegung um Aarbechtsmarché an an der Famill och op laang Dauer fërderen.

Back to Top
CIM LOGO