Europäesche ProtectiounsmechanismusWéi Lëtzebuerg anere Länner an Noutsituatiounen hëlleft

Sarah Cames
An Europa brennt et, dat ënnert anerem a Griicheland, Italien, Frankräich, Portugal a Kroatien. Wéi gëtt international Hëllef an esou Fäll organiséiert?
Zwee CGDIS-Secouristen um Wee fir op Haïti (2021).
Zwee CGDIS-Secouristen um Wee fir op Haïti (2021).
© CGDIS

Fir géint déi sëllege Bëschbränn unzegoen, déi den Ament an de Regioune laanscht d’Mëttelmier fir Misär suergen, ginn déi lokal Ressourcen a ville Fäll net méi duer. D’Secouristen an d’Pompjeeën op der Plaz sinn op interregional oder souguer international Hëllef ugewisen.

Esou sinn a Griicheland zum Beispill net just griichesch Pompjeeën am Asaz, mee entretemps och Aarbechtskolleegen aus Bulgarien, Malta a Rumänien. Wou d’Flamen ugefaangen hunn, ëmmer méi Iwwerhand ze huelen, huet Griicheland den 18. Juli den Europäesche Protectiounsmechanismus ausgeléist.

Zwee italieenesch Läschfligeren, déi a Griicheland an den Asaz kommen.
Zwee italieenesch Läschfligeren, déi a Griicheland an den Asaz kommen.
© Hellenic Fire Services, 2023

Duerch de Protectiounsmechanismus ka Griicheland op weider Hëllef an Equipement vun aneren EU-Länner zielen. Siwe Läschfligeren a méi wéi 50 Pompjeeën, déi op Läschaarbechten aus der Loft spezialiséiert sinn, koumen aus Italien, Frankräich, Kroatien an Zypern. Nach emol iwwer 360 Pompjeeën a Spezialween koumen aus Polen, der Slowakei, Rumänien, Bulgarien a Serbien.

Rumänesch Pompjeeën hëllefen engem Hues, deen si op der griichescher Insel Rhodos virun de Flame gerett hunn.
Rumänesch Pompjeeën hëllefen engem Hues, deen si op der griichescher Insel Rhodos virun de Flame gerett hunn.
© Romanian Civil Protection, 2023

Lëtzebuerg op Héichwaasser a Kommunikatioun spezialiséiert

A Griicheland an an deenen aneren Bëschbränngebitter ass Lëtzebuerg den Ament net am Asaz. Dat huet virun allem ee Grond: De Grand-Duché ass um europäeschen Niveau net op Bëschbränn spezialiséiert an huet zum Beispill och keng eege Läschfligeren.

Am Kader vum Europäesche Protectiounsmechanismus mellen déi eenzel Länner hir Spezialisatiounen un. Am Fall vu Lëtzebuerg ass dat zum Beispill d’Kommunikatioun an d’Héichwaasserbekämpfung. Wann e Land Hëllef brauch an de Mechanismus aktivéiert, ginn dann déi Länner opgeruff, déi dat passend Modüll am System agedroen hunn, erkläert de Cédric Gantzer vum CGDIS op Nofro.

E Bëschbrand-Modüll huet Lëtzebuerg net - de Grand-Duché gëtt deemno just ëm Hëllef gefrot, wa Kommunikatioun a Koordinatioun gefrot sinn, oder wann et e schwéiert Héichwaasser gëtt. Op der anerer Säit ka Lëtzebuerg awer op d’Hëllef vun anere Memberlänner zielen, wann d’Land de Protectiounsmechanismus wéinst grousse Bëschbränn misst ausléisen, well et zum Beispill op Läschfligeren ugewise wier.

Hëllef fir fir Haïti, d’Bahamas an de Mozambique

“D’Humanitarian Intervention Team” (HIT) vum CGDIS huet scho méi dacks am Ausland gehollef, wann et drëm goung, Kommunikatiounsweeër nees opzebauen an d’Koordinatioun ze geréieren.

Nom schwéieren Äerdbiewen op Haiti am Joer 2021 goufen zwee spezialiséiert Pompjeeën mat dräi “Emergency.lu” Satellitte-Kommunikatiounssystemer an déi sinistréiert Regioun geschéckt, nodeems den Europäesche Protectiounsmechanismus declenchéiert gi war. Duerch hir Interventioun konnt d’Telekommunikatioun op Haiti nees opgebaut ginn, esou datt déi humanitär Organisatiounen hir Efforte koordinéiere konnten. Änlech Interventioune goufen et och 2019 nom Hurrikan op de Bahamas an nom Zyklon am Mozambique.

Zwee CGDIS-Secouristen um Wee fir op Haïti (2021).
Zwee CGDIS-Secouristen um Wee fir op Haïti (2021).
© CGDIS

Am Kader vum Europäesche Protectiounsmechanismus war Lëtzebuerg 2014 a Bosnien no de schwéieren Iwwerschwemmungen am Asaz. 23 Fräschmänner a fënnef Booter si vu Lëtzebuerg an déi iwwerschwemmt Regioun geschéckt ginn.

Bei den historeschen Iwwerschwemmungen am Ahrtal an Däitschland am Juli 2021 ass déi Lëtzebuergesch Hëllef iwwerdeems net am Kader vum Europäesche Protectiounsmechanismus zustane komm, mee duerch ee bilateraalt Ofkommes am Katastrophefall. Dräi Ekippen à 25 Persounen, zesummegesat aus Membere vun de Pompjeeën, der Arméi an dem Roude Kräiz, sinn

den drëtten Dag no der Katastroph mat 12 Asazween an d’Regioun gefuer.

Opraumaarbechten am Ahrtal.
Opraumaarbechten am Ahrtal.
© AFP/Archiv/Ina FASSBENDER



Back to Top
CIM LOGO