60 Meter vun den DammenPatrizia Van der Weken leeft bei Indoor-WM op Plaz 8

Pierre Weimerskirch
Zaynab Dosso heescht déi nei Weltmeeschterin iwwer 60 Meter an der Hal. D'Italieenerin ass eng Zäit vu 7.00 Sekonne gelaf. D’Patrizia Van der Weken kënnt op déi aachte Plaz an enger Zäit vu 7.10 Sekonnen.
Patrizia Van der Weken (8. Plaz) an d'Jacious Sears (2. Plaz) no der Finall iwwer 60 Meter.
Patrizia Van der Weken (8. Plaz) an d’Jacious Sears (2. Plaz) no der Finall iwwer 60 Meter.
© ANDREJ ISAKOVIC/AFP

Et ass no der Europameeschterschaft an der Weltmeeschterschaft d’lescht Joer an der Hal déi drëtte Kéier, wou et der Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer gelongen ass, an eng Finall iwwer 60 Meter ze kommen. Um Enn ass et mat enger Zäit vu 7.10 Sekonnen duergaange fir déi aachte Plaz. D’Lëtzebuergerin hat sech an de leschten Deeg optimistesch gewisen, dass et méiglech wier, eng Medail ze gewannen.

Konkurrenz méi staark wéi lescht Joer

Den Olympionik Charel Grethen huet d’Course fir RTL mam Tom Flammang iwwerdroen. Nom Live sot de Charel Grethen, dass de Level dëst Joer nach eng Kéier e Krack méi héich war.

Och wann d’Patrizia Van der Weken mat de Gedanke gespillt huet no 2025 nees eng Medail ze gewannen, wier et iwwer déi 3 Courssen, déi haut gelaf goufen, eng souverän Leeschtung gewiescht.

De Start aus dem Block wier net ideal gewiescht an d’Sprinterin wier och net esou gutt an d’Course komm wéi bei hirem Landesrekord virun e puer Wochen op der nämmlechter Plaz.

Et wier awer eng grouss Leeschtung an eng weider Kéier de Beweis, dass d’Sprinterin sech an der Weltspëtzt etabléiert huet.

Dosso gewënnt viru Sears an Alfred

D’Italieenerin Zaynab Dosso ka sech um Enn mat engem Chrono vu 7.00 Sekonne virun der US-Amerikanerin Jacious Sears an der Sprinterin Julien Alfred (Saint-Lucia) duerchsetzen, déi um Enn alle béid eng Zäit vu 7.03 Sekonnen do stoen hunn.

V.l.n.r.: Julien Alfred, Zaymab Dosso, Jacious Sears
V.l.n.r.: Julien Alfred, Zaymab Dosso, Jacious Sears
© AFP

Dat komplett Resultat vun den Dammen

1. Zaynab DOSSO (Italien) 7.00

2. Jacious SEARS (USA) 7.03

3. Julien ALFRED (Saint-Lucia) 7.03

4. Brianna LYSTON (Jamaika) 7.05

5. Jonielle SMITH (Jamaika) 7.06

6. Ewa SWOBODA (Polen) 7.07

7. Dina ASHER-SMITH (Groussbritannien) 7.07

8. Patrizia VAN DER WEKEN (Lëtzebuerg) 7.10

De Liveticker mat allen Decisioune vum Samschdegowend fir nozeliesen

Back to Top
CIM LOGO