VIDEO-ReportageWéi sinn diplomatesch Päss zu Lëtzebuerg gereegelt?

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich steet de President Macron wéinst sengem fréiere Sécherheetsmann Alexandre Benalla weider an der Kritik.
Wéi sinn diplomatesch Päss zu Lëtzebuerg gereegelt?
A Frankräich steet de President Macron wéinst sengem fréiere Sécherheetsmann Alexandre Benalla weider an der Kritik.

Fir d'éischt goung et ëm Gewalt géint Demonstranten. Elo soll de Benalla och diplomatesch Päss benotzt hunn, obschonn hien dat net méi huet dierfen! An deem Kontext wollt Bérengère Beffort wëssen wéi diplomatesch Päss zu Lëtzebuerg gereegelt sinn.

Virop sief gesot: En diplomatesche Pass ass kee flotten Accessoire a kee Fräifaartsschäin. Zu Lëtzebuerg gëtt e vum Ausseministère ausgestallt. Dat fir kloer offiziell Missiounen an net fir privat Zwecker.

Mam diplomatesche Pass sollen Deplacementer a soumat amtlech Opträg am Ausland facilitéiert ginn. Woubäi, jee no Land, awer nach Visa-Prozeduren duerchlafe musse ginn.

An de Genoss vum diplomatesche Pass kommen ënnert anerem de Grand-Duc a Familljememberen, Ministeren an Deputéierten, Ambassadeuren an diplomatesch Agenten an héich Beamten och, déi wéi gesot Interessie vu Lëtzebuerg vertrieden.

Fir aner Metiere mat punktuellen Aufgaben kann een e "Passeport de service" ufroen. An dann entgéint deem, wat mol gemengt gëtt: De Pass liwwert u sech keng diplomatesch Immunitéit.

Grad well dëse Pass mat Verflichtunge verbonnen ass, suergen nei Revelatioune ronderëm den Alexandre Benalla fir vill Opreegung. Hie soll, nodeems hien als Chargé de Mission am Elysée-Palast ofgesat gi war, weiderhi mat zwee Diplomatepäss gereest sinn.  Esou steet de President Macron ënnert Beschoss: Gouf et eng Sonderbehandlung fir de Benalla?

Hei zu Lëtzebuerg sinn eng 700 bis 800 diplomatesch Päss am Ëmlaf. De Ministère stellt kloer: soubal en Agent d'Funktioun wiesselt, muss hien de Pass zeréckginn. Dat géif genee kontrolléiert ginn. Héchstens 5 Joer ass de Pass gülteg.

Back to Top
CIM LOGO