Fro vun neiem Noutausgang ass nach net gekläertWéi steet et ëm d'Zukunft vum Restaurant "Chiche!" um Lampertsbierg ?

Marlène Clement
Déi Fro war de leschte Méindeg am Stater Gemengerot opkomm. D'Zukunft vum Restaurant kéint a Gefor sinn.
© Marlène Clement

De grénge Gemengeconseiller Fabricio Costa wollt vun der Stater Buergermeeschtesch wëssen, ob de libaneesesche Restaurant effektiv géing riskéieren, seng Dieren zouzemaachen, wéinst engem Refus vun enger Demande fir en neien Noutausgang.

Wéi gesäit d'Zukunft vum Chiche! aus? - Reportage Marlène Clement

De Grupp Chiche! huet mëttlerweil e puer Restauranten an och Pop-uppen uechtert d’Land. Dee gréisste Restaurant ass um Lampertsbierg, dee viru sechs Joer opgaangen ass. Do ass och d’Produktiounskichen dran, vun där aus och déi aner Enceintë beliwwert ginn. Well sech dacks méi ewéi 50 Leit dobannen ophalen, huet d'Gerante eng Demande bei der Stad Lëtzebuerg gemaach, fir een neien zweeten Noutausgang, dee méi sécher a méi séier accessibel wär, wéi den aktuellen.

Den aktuellen Noutausgang féiert nämlech hannen duerch de Keller, duerch eng Garage an dann nees no vir eraus. Dat ass net optimal. Do si sech d'Restaurantbesëtzer an d'Autoritéiten eens. Och wann dat zwar géif toleréiert ginn, sollt eppes geschéien, da léisch Verantwortung bei hir, gëtt d’Gerante Marianne Donven ze bedenken. Deen neien Noutausgang géing direkt no bausse féieren, awer op een Terrain vun der Stad Lëtzebuerg, déi domat net d'accord ass.

Am Mee koum de Refus. Deen neien Noutausgang, wéi en och de CGDIS no enger Entrevue recommandéiert huet, féiert nämlech direkt op den Terrain vun der Zirkusschoul Ziltambanq. Fir d'Stad Lëtzebuerg een No-Go, wéi d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer op Nofro erkläert. Et géing ëm d'Sécherheet vun de Kanner goen, déi an der Zirkusschoul sinn. Et kéint net sinn, datt da jiddereen do Zougang hätt, ouni Kontroll. Och d'Kanner kéinten dann einfach duerch déi Sécherheetsdier an de Restaurant.  

D'Enn vum Restaurant géing dat awer net bedeiten, mengt Lydie Polfer. Et misst ee sech elo zesummesëtzen an no Léisunge sichen. Et géingen och schonn nei Proposen um Dësch leien, déi elo vum CGDIS misste gepréift ginn. Si wier awer  “gudder Déng”, datt een eng Léisung géing fannen fir déi nächst zwee Joer. Dee Moment leeft de Bail an de Gebailechkeeten um Lampertsbierg nämlech aus.

Esou weidermaachen, wéi elo wëll d'Responsabel vum Restaurant op alle Fall net, si seet sech awer oppe fir Alternative mat der Stad Lëtzebuerg ze fannen. Sollt keng Léisung fonnt ginn, misst de Restaurant seng Dieren awer eventuell zoumaachen. Domat wier och d’Zukunft vum ganze Projet Chiche! ongewëss, well déi aner Restauranten eebe vum Lampertsbierg aus beliwwert ginn.

Chiche ! huet sech iwwert déi lescht Joren als gréissten Employeur fir Refugiéen entwéckelt. Aktuell schaffe ronn 70 Refugiéë fir de Grupp.

Back to Top
CIM LOGO