
Eng ofschléissend offiziell Positioun hunn de Jugendrot an déi national Schülerkonferenz CNEL zu dësem Zäitpunkt nach net. Mä et ass natierlech eng Thematik, iwwer déi grad déi Jonk sech eng Meenung gemaach hunn, déi se och no bausse ganz nuancéiert artikuléieren. Si hoffen, datt och hir Stëmm an deem ganzen Debat Gehéier fënnt.
Den Daachverband vun de Jugendorganisatiounen, de Jugendrot gesäit eng generaliséiert Altersbegrenzung eleng fir d’Benotze vun de soziale Medie skeptesch. Dat géif der komplexer Problematik net gerecht a wier “demesuréiert”, argumentéiert de President vum Jugendrot Liam Bremer. Ëmmerhin hätten d’Plattformen och hir gutt Säiten a géifen de Jonken eng Plaz bidden, fir sech auszetauschen.
Déi national Schülerkonferenz CNEL ass manner retizent, wat e Verbuet bis e gewëssenen Alter betrëfft. Et misst een awer genee kucke bis wéini. De President Luca Röttgers betount virun allem, datt nach méi misst an der Educatioun an an der Mediebildung gemaach ginn. Kanner a Jonker misste léieren, wéi se richteg mat de soziale Medien ëmginn a wéi ee Falschinformatiounen erkennt, fir esou besser op d’Geforen am Netz preparéiert ze sinn.
Solle Social-Media-Plattformen ewéi Facebook, Snapchat, Youtube a Co. fir Jonker ënnert engem gewëssenen Alter verbuede ginn? Iwwert déi Fro diskutéieren d’Politik an d’Gesellschaft och an Europa net eréischt, zanter datt Australien Enn zejoert déi sozial Netzwierker fir jiddereen ënner 16 Joer als éischt Land op der Welt verbueden huet. D’Geforen, deene Kanner a Jugendlecher am Internet ausgesat sinn, si villfälteg dokumentéiert a manifest. Vu Suchtpotenzial, Falschinformatiounen, manipuléierte Contenuen iwwer Cybermobbing bis Pornographie fir nëmmen déi ze nennen. D’Jugendvertrieder hei am Land kënnen d’Iwwerleeungen, fir eng Altersbegrenzung anzeféieren, virun deem Hannergrond duerchaus novollzéien. Och si gesi kloer Risike fir d’Gesondheet, d’Wuelbefannen an déi mental Gesondheet vun de Jonken, déi vun den digitale Plattformen ausginn. Eng Altersbegrenzung eleng géif awer, wéi gesot, fir déi national Schülerkonferenz CNEL an de Jugendrot ze kuerz gräifen.
D’Politik misst d’Konzerner ee fir alle Mol ënner Drock setzen, fir méi streng Mesuren ëmzesetzen, fir eng richteg Altersverifikatioun ze applizéieren, fënnt de CNEL-President. D’Plattforme missten “haftbar gemaach ginn, fir dat wat se an d’Welt gesat hunn”, seet de Luca Röttgers. A Lëtzebuerg kéint, senger Meenung no, hei och duerchaus an Europa den éischte Schrëtt maachen.
An den Ae vum Liam Bremer géif den Digital Services Act um Niveau vun der EU schonn eng ganz Partie Outile ginn, fir d’Plattforme méi streng ze reguléieren a verschidde bedenklech Algorithmen zum Beispill ze ënnerbannen. Se misste just konsequent an differenzéiert ëmgesat ginn, sou de President vum Jugendrot.