Organiséiert war d’Konferenz organiséiert vum Fonds national de la recherche zesumme mam LISER, dem Luxembourg Institute of Socio-Economic Research. Déi kënschtlech Intelligenz war natierlech e grousst Thema.
Kënschtlech Intelligenz zesumme mat aneren Technologie kéinten der Dr. Christina Gathmann vum LISER no zum Beispill a verschiddene Fäll hëllefen, wou et e Manktem u Personal gëtt, mee et wier sécherlech net d’Léisung Et géif vill Plaze ginn, wou een einfach nach Mënsche brauch. De Manktem u Fachpersonal géif also och weider e Problem bleiwen.