A Corona-Zäite war d’Stëmmung an de Betriber um Déifpunkt, elo ass se liicht besser. Knapp 2.700 Salariéen, déi zu Lëtzebuerg schaffen, dovu knapps d’Hallschent Frontalieren, goufen dofir gefrot.
D’Leit, déi op d’mannst en Deel am Homeoffice kënne schaffen, si méi zefridden. Am stäerksten ass d’Onzefriddenheet deemno an deene Beruffer, wou d’Aarbechtszäite keng Flexibilitéit zouloossen. Dorënner falen ënnert anerem de Commerce an de Fleegesecteur. D’Resultater vun der Enquête wieren “alarméierend”, fënnt d’Presidentin vun der CSL Nora Back.

D’Salariéen hei am Land sinn anscheinend och ëmmer manner zefridde mat hirer Pai. Bal ee Véierel sot, datt se wéilt de Patron wiesselen. D’Leit wëllen dann och manner schaffen. 34,4 Wochestonne wär d’Wonschaarbechtszäit, sou d’Ëmfro. D’Aarbechts- an d’Privatliewe kréien d’Leit ëmmer manner gutt kombinéiert.
D’Chambre des Salariés fuerdert, datt déi sougenannten europäesch Work-Life-Direktiven ëmgesat misste ginn, déi schonns 2019 am Europaparlament diskutéiert goufen. Leit mat Kanner sollen hir Horairë méi flexibel upasse kënnen an déi regulär Aarbechtsstonnen allgemeng reduzéiert ginn. Donieft gëtt och méi Teletravail pro Woch gefuerdert.
Den Index fir Aarbechtsqualitéit gouf viru knapp 10 Joer vun der Chambre des Salariés an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg an d’Liewe geruff. Domadder sollen d’Aarbechtsqualitéit, d’Konditiounen, grad ewéi och déi allgemeng Gesondheet vun de Lëtzebuerger Salariéen a Frontalieren iwwert d’Joren ënnersicht ginn.