D'Reform vun der Grondsteier fält beim Staatsrot duerch

De Staatsrot zerrappt de Projet an der Loft a formuléiert ganzer 17 formell Oppositiounen.
Auteure sinn d’LSAP-Inneministesch Taina Bofferding, de grénge Logementsminister Henri Kox an d’liberal Finanzministesch Yuriko Backes. De Conseil d'État suggeréiert a sengem Avis, datt den Text komplett nei muss geschriwwe ginn. Dësen Text géing der juristescher Komplexitéit vun der Matière net gerecht ginn, notamment op prozeduralem Niveau.
Et géingen Elementer aus der administrativer Prozedur an traditionell Steierreegele matenee vermëscht ginn. Déi héich Kierperschaft kritiséiert manner de Fong, mä virun allem juristesch Onsécherheeten. De Projet géing plazeweis den Exigenzen a punkto Kloerheet an Accessibilitéit net Rechnung droen, déi vun der Constitutioun verlaangt ginn.
Eng formell Oppositioun erausgepickt: De Conseil d'État gesäit kee Grond, firwat bei der Definitioun vun Terrainen, déi bei der Grond- an och bei der Mobiliséierungssteier concernéiert sinn, eng Differenz gemaach gëtt, tëscht Terrainen an urbanen Zonen an deenen a Gréng-Zonen.
Mam Projet vum Inneministère sollt d’Grondsteier reforméiert ginn, eng Mobilisiéierungssteier fir bebauten Terrainen agefouert ginn an et sollt och eng Tax op eidele Wunnenge kommen.
Reaktioun vum Inneministère
D'Grondprinzippie vun der Reform vun der Grondsteier ginn duerch den Avis vum Staatsrot net a Fro gestallt, dat gëtt den Inneministère an enger éischter Reaktioun RTL géintiwwer ze bedenken.
De Gesetzprojet wär also net "an der Loft zerrappt ginn", heescht et aus der Beaumonts-Gaass. Den neie Berechnungssystem fir d’Grondsteier an d'Mobiliséierungssteier wären net a Fro gestallt. Fir de Rescht misst een am Detail d'Analys elo maachen.
Syvicol, Chambre des salariés a Jugendparteie reagéieren
D’Grondsteierreform gouf och scho vun de jonke Gréngen a jonke Liberale kritiséiert, well se net wäit genuch géing goen. Änlech huet sech och d'Chambre des salariés geäussert.
De Gemengesyndikat Syvicol hat ënnert anerem bedauert, datt d’Recettë vun der neier Mobiliséierungssteier net géingen an d’Keese vun de Gemenge fléissen. Duerch eng Mobiliséierungssteier an eng Tax fir net bewunnte Wunnengen, wéi de Projet de Loi se virgesäit, kéim eng ganz Partie méi Aarbecht op d’Gemengen duer, well een dës muss erfaassen, sou de President vum Syndikat Emile Eicher: "Dat ass eng Heedenaarbecht, an de System muss emol opgebaut ginn. Da muss dat ganzt e Suivi kréien, an d’Gemenge si responsabel dofir. Dat heescht, mir hunn d’Aarbecht, an de Staat géing dono gären d’Suen asäckelen. Do kënne mer wierklech net d’Accord sinn. Mir sinn der Meenung, dass déi zwou Steieren och erëm missten de Gemengen zoufléissen."
Terrainen, déi kéinte bebaut ginn, wäerten dem Projet de Loi no progressiv besteiert ginn, sou dass d’Spekulatioun soll ënnerbonne ginn. Dat selwecht gëllt och fir déi net bewunnte Wunnengen, mam Zil, der Wunnengsnout entgéint ze wierken.